Ferdinand Bracke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ferdinand Bracke gebuer zu Hamme de 25. Mee 1939 ass e fréiere belsche Vëlossportler.
De Bracke war Profi vu 1962 bis 1978.
Hie war ee vun de beschten Zäitfuerer an dat grad esou gutt op der Strooss wéi op der Piste. (Poursuite). Op der Piste gouf hien tëschent 1965 an 1973 fënnef Mol belsche Meeschter, dovunner véier Mol an der Poursuite an eng Kéier hanner Derny. Hie war och zweemol Weltmeeschter an der Poursuite. (1964 an 1969). Nonzenghonnertsiwenasechzeg huet hien als éischten de Stonneweltrekord iwwer d’Grenz vun 48 Km/St. gedréckt an 1971 huet en den Tour d’Espagne gewonnen.
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1962
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1964
- Weltmeeschter an der Poursuite (Piste)
[Änneren] 1965
- 1. am Generalklassement vum Tour de Haute-Loire
[Änneren] 1966
- 1. an der 1. Etape (b) vum Tour de Belgique
- 1. an der 19. Etape vum Tour de France
- 1. an der Trophée Baracchi
[Änneren] 1967
- Stonneweltrekord zu Roum
- 1. an der Trophée Baracchi
[Änneren] 1968
- 1. an der 8. Etape (b) am Paris - Nice
- 1. am G.P. Baden-Baden
[Änneren] 1969
- Weltmeeschter an der Poursuite (Piste)
[Änneren] 1970
- 1. am Grand Prix de Wallonie
[Änneren] 1971
- 1. am Generalklassement vum Tour d’Espagne
- 1. an der Flèche Hesbignonne Cras Avernas
[Änneren] 1973
- 1. am G.P. Pino Cerami
[Änneren] 1974
- 1. am Prolog vum Tour de Belgique
- 1. an der 5. Etape vum Tour de Belgique
[Änneren] 1976
- 1. an der 17. Etape vum Tour de France
[Änneren] Participatiounen um Tour de France
- Tour de France 1963 – 21.
- Tour de France 1966 – 32. a Gewënner vun der 19. Etape
- Tour de France 1968 – 3.
- Tour de France 1969 – 57.
- Tour de France 1971 – 58.
- Tour de France 1976 – 77. a Gewënner vun der 17. Etape
[Änneren] Equippen
- 1962 - Peugeot-BP-Dunlop
- 1963 - Peugeot-BP
- 1964 - Peugeot-BP
- 1965 - Peugeot-BP-Michelin
- 1966 - Peugeot-BP-Michelin
- 1967 - Peugeot-BP-Michelin
- 1968 - Peugeot-BP-Michelin
- 1969 - Peugeot-BP-Michelin
- 1970 - Peugeot-BP-Michelin
- 1971 - Peugeot-BP-Michelin
- 1972 - Peugeot-BP-Michelin
- 1973 - Peugeot-BP-Michelin
- 1974 - Watney-Maes
- 1975 - TI-Raleigh
- 1976 - Lejeune-BP
- 1977 - Lejeune-BP
- 1978 - Old Lords-Splendor