Foulschterbaach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Foulschterbaach ass eng kleng Baach am Kanton Réiden.
Si huet hir Quell op enger Héicht vu 463 Meter op der Halschent vun enger geduechtener Linn vu Schwiddelbruch op de Réidingshaff.
Vun do aus leeft se no Süden duerch eng Griecht am Kesselbësch a lénks laanscht d' Houscht, zwéi Bëscher déi zesummenhänken an déi tëscht Foulscht an Eschent leien.
An dësem Bëschmassif lafe vu riets a lénks a puer kleng Bachen dra déi ausser der Kesselbaach keen Numm hunn.
No engem Laf vun 2.600 Meter kritt se vu riets hir éischt gréisser Niewebaach, d' Dillesbach déi hir Quell südlech vu Schwiddelbruch op enger Héicht vu 465 Meter (ACT) huet.
Déi zwou lafen dann zesumme weider no Südosten, fir ronn 800 Meter virun der Horas mat der Hueschterbaach zesummenzelafen, an déi zwou zesummen vun do aus Roudbaach heeschen.
D'Foulschterbaach huet eng Totallängt vu 7.550 Meter.