Hueschterbaach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Hueschterbaach ass eng kleng Baach am Kanton Réiden.
Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Quellbaachen op enger Héicht vu 430 Meter. (Héicht ATC), op dem Flouer Kuurbur.
Déi eng vun dëse Quellbaachen kënnt aus der Bärendell an huet hir Quell op enger Héicht vu 488 Meter ronn 300 Meter westlech vun der Gëlt, an déi zweet kënnt aus dem Gröndchen an huet hir Quell op enger Héicht vu 494 Meter.
Vun do aus leeft se 1.200 Meter parallel mat der N23 bis op Hueschtert wou se dann och ënner dëser Stross erduercht leeft. Do ktitt se Gesellschaft vu riets vun enger Bächelchen déi vum Flouer Saang kënnt.
No 1.800 Meter kënnt da vu riets d' Strengbaach dran, déi hier Quell och op Saang huet.
Vun hei aus ännert se och hier Richtung an dréint no Nordosten fir dann no 2 Kilometer ënner dem CR 116 erduercht ze lafen an direkt duerno mat der Foulschterbaach zesummenzelafen. Vun do aus heeschen déi zwou zesummen da Roudbaach.