François Biltgen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Biltgen (*28. September 1958 zu Esch-Uelzecht) ass e lëtzebuergesche Politker.
De François Biltgen studéiert zu Paräis Droit. No enger Maîtrise, engem DEA, an engem Diplom vum IEP, 1983, schafft en als Sekretär vun der Chambersfractioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV).
1987 gëtt en an de Gemengerot vun Esch-Uelzecht gewielt, wou en 1997 Schäffe gëtt, zoustänneg fir Finanzen a Soziales.
1994 gëtt de François Biltgen op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt. Kuurz dono mécht hien den 2. Exame fir Affekot a schreift an de Joren dono regelméisseg iwwer Droits-Themen.
An der Regierung Juncker-Polfer vun 1999 bis 2004 gëtt de François Biltgen zum Minister fir Aarbecht, Bezéiunge mam Parlament a Kultus an Delegéierte Minister fir Kommunikatioun ernannt.
Den 18. Januar 2003 gëtt hien zu President vun der CSV gewielt. Den 31. Juli 2004, an der Regierung Juncker-Asselborn, gëtt de François Biltgen op en Neies Minister fir Aarbecht, Bezéiunge mam Parlament a Kultus, an zousätzlech Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung.
De François Biltgen ass bestued a Papp vun 2 Kanner.