Frontalier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Frontalier (oder Grenzgänger) ass eng Persoun, déi am Nopeschland schafft, vun deem, wou se wunnt.
Zu Lëtzebuerg schaffen iwwer 112.000 Frontalieren; d'Halschent kënnt aus Loutrengen, a vun der anerer Halschent kommen ongeféier een Drëttel aus Däitschland an zwee Drëttel aus der Belsch (Provënz Lëtzebuerg).
Evolutioun vun der Zuel vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg:
-
- 1980: 11.900
- 1990: 35.000
- 1995: 55.500
- 2000: 87.300
- 2001: 97.300
- 2002: 102.900
- 2004: 112.800
- 1980: 11.900
40% vun alle Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, si Frontalieren. Enger Etude vum STATEC no ginn d'Frontalieren e Véierel vun hirer Paie zu Lëtzebuerg aus: Dat waren am Joer 2003 ronn 830 Milliounen Euro.
Wéinst deenen deiere Grondstécks- an Haiserpräisser zu Lëtzebuerg ginn et och ëmmer méi Lëtzebuerger selwer, déi dëse Status hunn.