Galicien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Galicien ass eng autonom Regioun a Spuenien. D'Haaptstad ass Santiago de Compostela.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Galicien läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Norden a Westen un den Atlantik an am Osten u Kastilien-Léon an Asturien. Galicien huet eng Fläch vun 29.574 km² an hëlt domat 5,8 % vu Spuenien an.
[Änneren] Andeelungen
Galicien ass a 4 Provënzen agedeelt.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Galicien | Santiago de Compostela | A Coruña | A Coruña |
Lugo | Lugo | ||
Orense | Orense | ||
Pontevedra | Pontevedra |
[Änneren] Geschicht
D'Regioun Galicien ass zënter dem 28. Abrëll 1981 eng autonom Gemeinschaft.
[Änneren] Politik
De President ass den Emilio Pérez Touriño (PSdeG). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress si 25 Sëtz an am Senat sinn et 19 Sëtz.
[Änneren] Demographie
Am Joer 2005 ass d'Awunnerzuel 2.762.198, dat si 6,28 % vun der spuenescher Populatioun.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemengen vu Galicien
- Autonom Gemeinschafte vu Spuenien