Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Generalstänn vu 1789 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Generalstänn vu 1789

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

5. Mee 1789: D'Generalstänn ginn zu Versailles op.
5. Mee 1789: D'Generalstänn ginn zu Versailles op.

D'Generalstänn vu 1789 waren déi leschte Generalstänn vum franséischen Ancien Régime. Dës Versammlung vu Vertrieder aus dem Adel, dem Klerus an dem Drëtte Stand war zënter 1614 net méi zesummegeruff ginn.

Zënter 1788 gouf sech vu jiddferengem gewënscht, datt nees Generalstänn géifen aberuff ginn, allerdéngs aus ënnerschiddleche Grënn an oft waren d'Motiver och net kompatibel. Den Adel wollt d'absolut Monarchie, déi zënter dem Louis XIV. opgezwongen a vum Louis XVI. inkarnéiert gouf, op en Enn bréngen, fir seng al Muecht nees zeréckzekréien. Den héige Klerus, dee global vum System profitéiert huet, wollt (a senger Majoritéit) e status-quo bäibehalen. Bei de Generalstänn wor den Adel duerch 270 Deputéierte vertrueden (dorënner 90 Liberaler). De Klerus gouf vun 291 Deputéierte representéiert (dorënner 220 Curés). De Klerus an den Adel haten d'Majoritéit vun de Stëmme bei de Generalstänn (2 zu 1), an all Decisioun hat gutt Chancen, fir hinne favorabel ze sinn. Mee an dësen zwee Stänn gouf et och scho Reformateuren, déi nëmmen drop gewaart hunn, sech nach méi z'engagéieren (mee zu dësem Zäitpunkt huet nach kee vu Revolutioun geschwat).

De Klerus an den Adel ware keng komplett homogen Stänn; et gouf och nach den niddere Klerus, deen traditionell op der Säit vun de Baueren an der Landbevëlkerung stung, an de ländlechen Adel - zum Beispill an der Bretagne - dee ganz aner Perspektive wéi den Adel um Haff hat.

Den Drëtte Stand huet sech aus 578 Deputéierten zesummegesat (12 Gentilshommes, 18 Buergermeeschter aus grousse Stied, 162 Magistrate vu Baillagen oder Sénéchausséesen, 110 Affekoten, 114 Dokteren, 162 Händler, Proprietairen oder Ubauer, an 110 Baueren an Industrieller). Wat de « manque de représentation et de considération » (Beaumarchais), ugaangen ass, war den Tiers sech, och wéi bei anere Froen, déi an de Cahiers de doléances opgeworf goufen, net ëmmer eens :

D'Bourgeoisie, déi an de Stied duerch den Handel oder d'Finanze räich gi war, an den Iddië vun de Lumières géigeniwwer opgeschloss war, huet hir wirtschaftlech Muecht duerch hir Originnen als Arbechter blockéiert gesinn, an huet no engem gläichen Traitement verlaangt: d'Adeleg waren déi eenzeg, déi Zougang zu den Offizéiersposten oder den héige Plazen an der Fonction publique haten, a si ware vun diverse Steiere fräigestallt. Dës Fuederunge ware souwuel sozial wéi och economesch.

D'Landbevëlkerung war net representéiert, mee huet sech op den Drëtte Stand gestäipt. Si huet vun hire Recolte geliewt, gudder a schlechter, an eng grouss Steierlaascht gedroen: si huet no engem Rééquilibrage vum Steiersystem verlaangt, an och d'Privilegië wéi deen, op d'Juegd kënnen ze goen1. Dës Mësstänn kéinten hirer Meenung no bei de Generalstänn aus der Welt geschaf ginn, wann den Drëtte Stand besser vertruede wir, an no Kapp an net pro Stand géif ofgestëmmt ginn.

De Kinnek selwer, dee mat enger Staatsschold, wéi Frankräich nach keng gesinn hat konfrontéiert war, huet no enger Léisung gesicht, fir d'Keess nees ze fëllen. Seng Iddi war et, dat duerch eng Delegatioun bei de Generalstänn vertrieden ze loossen, hie war sech sécher datt esou eng Mesure net populär géif ginn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Aberuffung vun de Generalstänn am Januar

Den 8. August 1788 hunn d'finanziell Situatioun an d'Verschlechterung vun der Stëmmung am ganze Land de Louis XVI. derzou bruecht, d'Generalstänn fir den 1. Mee 1789 anzeberuffen. De 27. Dezember 1788 huet de Staatsrot entscheed, datt de Bailliage d'Basisunitéit fir d'Wahl wär, datt sech d'Generalstänn aus op mannst 1.000 Deputéierte missten zesummesetzen, an datt dem Drëtte Stand seng Stëmm géif duebel zielen.

Déi ganz Prozedur fir d'Generalstänn zesummenzeruffen huet knapp e Joer gedauert. An dësem Joer goufen Informatiounen zu de leschte Generalstänn vu 1614 gesammelt, an d'Direktive goufen am Januar 1789 am ganze Land verëffentlecht.

D'Generalstänn selwer hunn dem Kinnek wéineg Angscht gemaach, mee effektiv d'Aberuffung dervunner. Et koum zu Schwieregkeeten zënter de leschte Veruerdnungen, wat mat de Provënzen, déi no 1614 eruewert goufen, géif geschéien, war net kloer. De 5. Juli 1788 huet de Kinnek dofir eng Ordonnance erausginn, fir an den Archiver nozesichen, wat genee ze maache wär:

« Sa Majesté cherchera toujours à se rapprocher des formes anciennement usitées ; mais lorsqu'elles ne pourront être constatées, Elle ne veut suppléer au silence des anciens monuments qu'en demandant, avant toute détermination, le vœu de ses sujets, afin que leur confiance soit plus entière dans une assemblée vraiment nationale, par sa composition comme par ses effets. »

D'Wahl vun de Representante gouf am Januar 1789 duerchgefouert, an et huet sech eng variabel Partizipatioun gewisen. D'Representante vum Drëtte Stand goufen indirekt designéiert. Nëmmen d'Männer iwwer 25 Joer déi Steiere bezuelt hunn, duerfte wielen. Fir d'Aberuffung huet de Kinnek dëse Bréiw geschriwwen:

« De par le Roi,
Notre aimé et féal.
Nous avons besoin du concours de nos fidèles sujets pour Nous aider à surmonter toutes les difficultés où Nous Nous trouvons relativement à l'état de Nos finances, et pour établir, suivant nos vœux, un ordre constant et invariable dans toutes les parties du gouvernement qui intéressent le bonheur de nos sujets et la prospérité de Notre royaume. Ces grands motifs Nous ont déterminé à convoquer l'Assemblée des États de toutes les provinces de notre obéissance, tant pour Nous conseiller et Nous assister dans toutes les choses qui seront mises sous nos yeux, que pour Nous faire connaitre les souhaits et doléances de nos peuples, de manière que par une mutuelle confiance et par un amour réciproque entre le souverain et ses sujets, il soit apporté le plus promptement possible un remède efficace aux maux de l'État, que les abus de tous genre soient réformés et prévenus par de bons et solides moyens qui assurent la félicité publique et qui nous rendent à Nous particulièrement, le calme et la tranquillité dont Nous sommes privés depuis si longtemps.
Donné à Versailles, le 24 janvier 1789. »

De Kinnek huet och d'Wichtegkeet an de But vun de Generalstänn ënnerstrach :

« Nous avons besoin du concours de nos fidèles sujets pour Nous aider à surmonter toutes les difficultés où Nous Nous trouvons, relativement à l'état de nos finances, et pour établir, suivant nos vœux, un ordre constant et invariable dans toutes les parties du gouvernement qui intéressent le bonheur de nos sujets et la prospérité de notre royaume. »2

[Änneren] Ouverture vun de Generalstänn (Mee)

De 5. Mee sinn d'Generalstänn an engem Sall vum Hôtel des Menus-Plaisirs zu Versailles opgaangen. De Sall gouf wéinst der Geleenheet a Salle des trois ordres ëmbenannt.

Vun den 1139 Deputéierte waren der 291 vum Klerus an 270 vum Adel. Déi éischt Séance, de 5. Mee, gouf vum Louis XVI. perséinlech presidéiert, de Klerus suz op der rietser Säit vum Troun, den Adel lénks an den Drëtte Stand vis-à-vis. D'Orateure waren de Kinnek, de Garde des sceaux, Barentin, an de Finanzminister, Jacques Necker.

Ënnert dem Bäifall vun den dräi Stänn huet den Anne Louis Henri de La Fare, Bëschof vun Nanzeg, d'Erëffnungsried gehalen.

Den Necker huet eng Ried am Numm vum Kinnek gehalen, déi dräi Stonne gedauert huet, a wou souguer de Kinnek selwer ageschlof ass. Dës Ried huet den Deputéierte kloer gemaach, wéi schlëmm d'finanziell Situatioun vum Land war. D'generell Situatioun a Frankräich war konfus an de Gouvernement hat keng kloer Orientatioun.

De Barentin huet duerno seng Ried gehalen, an de Kinnek héich geluewt. Nëmmen de Contrôleur des finances huet Grënn virgdro, wisou et zu de Generalstänn huet misse kommen: den Defizit vum Budget. Iwwert de Problem, deen Deputéierten am meeschte beschäftegt huet, gouf kee Wuert verluer: Ofstëmmung no Stand oder no Kapp ?

[Änneren] D'Assemblée nationale

Et koum zimlech séier zu Meenungsverschiddenheeten, wéi et drëms gaangen ass, wéi dann elo schlussendlech soll ofgestëmmt ginn. De Klerus an den Adel wollten um ale System no der Wahl no Stand festhalen, wat hinnen d'Majoritéit ginn hätt; den Drëtte Stand wollt datt pro Kapp ofgestëmmt géif ginn, wat him Gläichheet bruecht hätt, an d'Debatte wären esou zesummen zu stane komm3. Den Drëtte Stand huet behaapt, datt hien alleng d'Natioun vertriede géif, a refuséiert, seng Plaz ze verloossen. De 17. Juni huet den Tiers d'Membere vun denen aneren zwee Stänn invitéiert, sech him unzeschléissen. Verschiddener, sou wéi liberal Adeleger (Lafayette) a Kleriker déi staark mam Vollek verbonne waren, hunn sech dem Drëtte Stand ugeschloss. Et koum zu enger Revolutioun mat juristeschem Charakter: d'Stänn goufe quasi opgeléist an et koum zu enger nationaler Vertriedung duerch eng eenzeg Versammlung. De Grupp, deen sech esou zesummefonnt huet, huet sech selwer als Assemblée nationale ausgeruff, mat der Ënnerstëtzung vum Abt Sieyès. Virun dësem éischte revolutionären Akt, huet de Louis XVI., géint d'Meenung vum Necker de Sall vun de Stänn, déi de Bailly presidéiert hat, zoumaache gelooss.

De Mirabeau
De Mirabeau

Déi nei Assemblée nationale huet sech eng aner Versammlungsplaz zu Versailles gesicht, de Guillotin huet e Sall wou Jeu de paume gespillt gouf, virgeschlo. Wärend der Séance vum 20. Juni 1789, déi als Ballhausschwur an d'Geschicht agaangen ass, hunn d'Deputéierte versprach, sech net ze trennen, bis d'Land eng Constitutioun hätt: d'Assemblée nationale ass esou bis den 3. September 1791 zesummebliwwen, an huet gläichzäiteg och legislativ Muecht ausgeübt. Während der kinneklecher Séance vum 23. Juni 1789 huet de Kinnek den Uerder ginn, datt sech d'Versammlung misst opléisen. De Grand maître des cérémonies huet dem Bailly dësen Uerder iwwerreecht. De Mirabeau soll dunn, laut der Legend, de berühmte Saz gesot hunn :

« Nous sommes ici par la volonté du peuple et nous n'en sortirons que par la force des baïonnettes. »

Verschidde franséisch Bierger hunn och no engem véierte Stand (« quatrième ordre : celui des pauvres journaliers, des infirmes, des indigents ») gefrot, oder dem Ordre sacré des infortunés, wat zu dëser Zäit eng grouss Partie Leit waren.

Et war mat de Generalstänn esou zu enger friddlecher biergerlecher Revolutioun komm, déi aus der absoluter Monarchie vum Ancien Régime eng konstitutionell Monarchie gemaach huet.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Brette Armand, Recueil de documents relatifs à la convocation des états généraux de 1789, 1894. Dräi Bänn.
  • Edna Hindie-Lemay, La Vie quotidienne des députés aux états généraux, 1789, Hachette, 1989.
  • Jean Sylvain Bailly, Mémoires d'un témoin de la Révolution, ou journal des faits qui se sont passés sous ses yeux, et qui ont préparé et fixé la constitution française, Levrault-Schoell et Cie, Paräis, 1804.
  • Jacques-Antoine Creuzé-Latouche, Journal des états généraux et du début de l'Assemblée nationale, Didier, Paräis, 1946.
  • Adrien Duquesnoy, Journal sur l'Assemblée constituante, Alphonse Picard & Fils, Paräis, 1894.
  • Denis Goubert, 1789 : les Français ont la parole. Cahiers de doléances des états généraux, Gallimard, 1973.

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: De Privileg vun der Juegd hat am Ancien Régime nëmmen den Adel.
2: Bréif vum Kinnek zu de Generalstänn, Versailles, 27. Abrëll 1789.

[Änneren] Um Spaweck


Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu