Geoffrey Chaucer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Geoffrey Chaucer (* ëm 1343, wahrscheinlech zu London; † wahrscheinlech 25. Oktober 1400 zu London) war en englesche Schrëftsteller an Dichter, deen als Auteur vun de Canterbury Tales berühmt ginn ass. An enger Zäit, an deeër d'englesch Dichtung zu engem groussen Deel nach op Latäin, Franséisch oder Anglonormannesch geschriwwe ginn ass, huet den Chaucer d'Sprooch vum Vollek benotzt, an huet domadder d'Mëttelenglescht zu enger Literatursprooch erhuewen.
[Änneren] Säi Liewen
Den Chaucer koum aus enger räicher Londoner Wäinhändlerfamill. Déi éischt schrëftlech Ernimmung vu sengem Numm fënnt een 1357 am Haushaltsbuch vun der Gräfin vun Ulster, Elizabeth de Burgh, der Fra vum Prënz Lionel vun Antwerpen. De Lionel, e Jong vum Kinnek Edward III., war ee vun de Führer vun der Arméi an der Invasioun vu Frankräich 1359. Och den Chaucer huet als Zaldot deelgeholl, a gouf 1360 bei Reims fir eng kuerz Zäit vun de Fransouse gefaange geholl, mee fir £16 nees fräikaf. Kuerz drop an de Friddensverhandlungen zu Calais stung hien als Kuréier an den Dingschter vum Lionel. Bis 1366 ass keng geschichtlech Spur vun him ze fannen. Aus dësem Joer ass e Schutzbréif vum Kinnek Charles II. vun Navarra iwwerliwwert, deen dem Chaucer an dräi weidere Begleeder fräit Geleit duerch säi Kinnekräich bis zu der Grenz vu Kastilien zouséchert. An de folgende Jore féiert den Chaucer ëmmer nees am Optrag vum englesche Kinnek diplomatesch Missiounen aus.
1366 huet hie sech mat der Philippa Roet, enger Dam vum Haff vun der Philippa vun Hennegau an Duechter vum Sir Gilles, genannt "Paon de Roet", dee mat der Suite vun der Philippa an England komm war. Hir Schwëster Catherine Swynford war ab 1372 Mätress, spéider déi drëtt Fra vum John of Gaunt, Herzog vu Lancaster a véierte Jong vum Kinnek. Sou koum et, dass den Chaucer sech an de folgende Joren iwwert de Patronage vum Herzog freeë konnt. Aus dem Bestiednis mat der Philippa gounge mindestens zwee Bouwen, Thomas a Lewis, a vermutlech zwou Duechteren, Elizabeth an Agens, erfir. Nëmmen iwwert den Thomas Chaucer ass méi bekannt, well hie gouf spéider zu engem vun de räichsten an politesch aflossräichste Männer vun England.
Zënter 1367 wor den Geoffrey Chaucer Member vum kinneklechen Haushalt, mol als valettus (Kummerdinger), mol als esquier (Knappe), opallfall als Member vun enger Trupp vun ëm déi 40 Mann, déi sech allgemeng bei Haff nëtzlech maache sollt. Wahrscheinlech huet hien och un den Inns of Court, der Londoner Rechtsschoul, studéiert. Vu 1366-70 gouf hie véiermol a kinneklechem Optrag an d'Ausland geschéckt, an ass dobäi duerch Frankräich, Flandern a wahrscheinlech och Italie gereest. Et gëtt ugeholl dass den Chaucer 1368 zu Mailand bei der Hochzäit vum Lionel mat der Violante, der Duechter vum Galeazzo II. Visconti, derbäi war; bei dëser Gelegenheet hätt hien de Petrarca an de Jean Froissart getraff, zwee vu senge literaresche Virbiller.
Säin éischte literatesche Verdéngscht war d'Iwwersetzung vum franséische "Roman de la rose" op Mëttelenglesch. Als säin éischt eegent Gedicht gëlt The Book of the Duchess, eng Luefried op d'Blanche, déi éischt Fra vum John of Gaunt, déi 1368 gestuerwe war. Vun 1372 bis 73 wor hien a kinneklechem Optrag zu Genua an zu Florenz. Spéitstens op dëser Rees huet hien Italienesch geléiert, a wahrscheinlech koum hien hei och fir d'éischte Kéier a Kontakt mat der Dichtung vum Boccaccio a vum Dante, no der hirem Virbild hie spéider d'Canterbury Tales verfaasse sollt.
1374 gouf hien zum Zollinspekter vir Woll-, Fell- a Liederexport beruff. Woll war zu dëser Zäit de wichtegsten Exportartikel vun England, a sou war den Chaucer verantwortlech, fir enorm Zomme Suen opzedreiwen, mat denen zu engem groussen Deel de Kinnekshaff finanzéiert gouf. Nieft sengem Beruffsakomme gouf him ab dësem Joer vu sengem Mentor John of Gaunt auch eng järlech Apanage vun £10 unerkannt (wahrscheinlech als Belounung fir The Book of the Duchess), an de Kinnek Edward III. huet him op Liewenszäit eng Galloun Wäin pro Dag zougeschwat.
1377 ass hien nees a Frankräich gereest, 1378 op Mailand, fir do mam Despot Bernabò Visconti geheim militäresch Berodungen ze féieren. Aus dem Joer 1380 ass e Geriichtsdokument iwwerliwwert, an dem den Chaucer vum Virworf fräigeschwat gëtt, un enger Bäckersduechter raptus begaange ze hunn. Bis haut streiden d'Fuerscher driwwer, op dësen Delikt mat "Vergewaltegung" oder "Entféirung" z'iwwersetzen ass.
No 1382 delegéiert hien d'Aarbecht am Zollhaus ëmmer méi u seng Stellvertrieder, an 1385 plënnert hien op Kent. Schonn ee Joer méi spéit representéiert hien dës Grofschaft am House of Commons, dem engleschen Ënnerhaus. Seng enk Relatioune zum Kinnekshaff goufen him awer am Joer 1386 zum Verhängnis, wéi d'parlamentaresch Oppositioun sech géint de Kinnek Richard II. an den John of Gaunt duerchsetzt; all seng Ämter goufen him oferkannt. 1387 stierft dem Chaucer seng Fra, an trotz sengem kammouden Akommes kritt hien ëmmer méi Scholden. 1390 gëtt hie vum Richard II. zum clerk of the works ernannt, zum Opseher iwwert d'kinneklech Bauprojetën. An dëser Funktioun gouf hien am September vum selwechte Joer vu Brigangen iwwerfall; verschidde Fuerscher vermudden, datt den Chaucer dësen Iwwerfall inszenéiert hätt, fir mat de "geklaute" Suë seng Scholden ze bezuelen. No nëmmen engem Joer huet hien dës Plaz nees verluer. Hie gouf zum Fierschter an de kinnekleche Bëscher vun North Petherton an der Grofschaft Somerset ernannt, an huet och an de Joren déi komm sinn, seng Kontakter zum Kinnekshaff oprecht erhalen. An dëser Zäit sinn och déi meeschte vun de Canterbury Tales entstanen.
Wéi den Henry IV., Jong vum John of Gaunt a senger éischter Fra Blanche, 1399 op den engleschen Troun kënnt, goung dem Chaucer seng Pai enorm an d'Luut; e Gedicht wat dem Chaucer zougeschriwwe gëtt, The Complaint of Chaucer to his Purse, gëtt allerdéngs als Hiwäis gedeit, datt d'Suen ni ausbezuelt goufen. Hien ass nees op London geplënnert, wou en awer schonn e Joer méi spéit gestuerwen ass, wahrscheinlech de 25. Oktober 1400 - dat ass opmannst den Datum deen op sengem Graf ze liesen ass; et gouf allerdéngs eréischt am 16. Joerhonnert erriicht. Hie gouf an der Westminster Abbey bäigesat, an, ugefaange mam Edmund Spenser goufen zënter 1599 traditionnell déi beschten englesch Dichter am sougenannte Poets' Corner ronderëm säi Graf begruewen.
[Änneren] Säi Wierk
Den Geoffrey Chaucer gëllt als Begrënner vun der moderner englescher Literatur. Zwar hat am fréie Mëttelalter dat Aaltenglescht eng räich Literatur opweises, mee dës Schrëfttraditioun ass mat der Invasioun vun de Normannen 1066 op en Enn gaangen. Vun do un war Franséisch bzw. Anglonormannesch d'Sprooch vun de gehuewenen a gebildete Stänn. Eréischt am 14. Joerhonnert krut d'englesch Sprooch nees méi Prestige, an den Chaucer war ee vun deenen éischten, déi se nees als Literatursprooch benotzt huet.
Säi Wierk ass staark vun antiken, franséischen an italienesche Virbiller geprägt, mee et fënnt een och metresch, stilistesch an inhaltlech Neierungen, déi d'Eegestännegkeet vun der fréier englescher Literatur begrënnen. Säi Wierk gëtt meeschtens an dräi Phasen agedeelt, déi seng literaresch Aflëss a seng Emanzipatioun vu senge Virbiller erëmspigelen. Dem Chaucer säi fréit Wierk gëtt als seng "franséisch", seng Wierker ab 1370 als "italienesch" Phas. D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1390 a senger "englescher Phas" entstanen.
[Änneren] Metrik
Déi alenglesch Dichtung berout um germanesche Stabreim, deen een och am Chaucer sengem Wierk gelegentlech fënnt. Den Chaucer huet aus der literarescher Traditioun vun de romanesche Sproochen den Endreim iwwerholl, mat verschiddene franséischen an italienesche Gedichtformen experimentéiert a si de grammateschen a rhytmeschen Eegeschafte vun der englescher Sprooch ugepasst. Hien ass fir d'éiescht vum franséische Balladevers ausgaangen, deen sech virun allem mam Guillaume de Machaut entwéckelt huet. Am Franséischen huet de Balladevers aus aacht Zeile bestanen, mam Reimschema ababbcbc. A jeweils dräi Strophen openaner goufen déi selwecht Reimen nees opgegraff. Den Chaucer huet sech a méi kuerze Gedichter wéi "Truth" oder "Gentilesse" strikt un dës Virlag gehalen. Am Italieneschen kann een déi franséisch Balladestroph mam ottava rima vum Boccaccio gläichsetzen. Am Franséischen haten d'Zeile meeschtens aacht, am Italieneschen Eelef Silben (endecasillabo). Den Chaucer huet meeschtens jambesch Pentameter vun zéng Silbe benotzt, an esou dee Vers an d'englesch Dichtung agefouert, deen och duerno am meeschte sollt benotzt ginn.
Andeems hien déi siiwent Zeil vun der ottava rima ausgelooss huet, huet den Chaucer eng Gedichtsform geschaf, déi spéider als rhyme royal bezeechent gouf, an an der englescher Literatur vill Nofolger fonnt huet. Als Beispill déi éischte Stroph vum "The Parliament of Fowls":
-
- The lyf so short, the craft so long to lerne,
- Th'assay so hard, so sharp the conquerynge,
- The dredful joye alwey that slit so yerne:
- Al this mene I by Love, that my felynge
- Astonyeth with his wonderful werkynge
- So sore, iwis, that whan I on hym thynke
- Nat wot I wel wher that I flete or wynke.
Déi zwou leschten Zeile stellen e sougenanntent heroic couplet duer, also zwee jambesch Pentameter déi am Paarreim gekoppelt sinn. Si bilden d'metresch Grondlag fir déi meeschte vun de Canterbury Tales a fir e groussen Deel vun der englescher epescher Dichtung nom Chaucer.
[Änneren] D'"franséisch" Phas (virun 1372)
Als éischt literarescht Wierk vum Chaucer gëllt The Romaunt of the Rose, eng Iwwersetzung vum Roman de la Rose, dem aflossräichsten a längste Gedicht - mat iwwert 22.000 Verse - aus dem spéide franséische Mëttelalter. D'Wierk ass nëmmen deelweis erhale bliwwen, an et ass net kloer, op den Chaucer d'Iwwersetzung iwwerhaapt fäerdeggeschriwwen huet. A Wierksausgabe gëtt de Romaunt, deen 1523 fir d'éischt gedréckt gouf, an dräi Fragmenter ënnerdeelt, déi sech linguistesch zimlech staark vuneneen ënnerscheeden. Alleng fir d'"Fragment A" (Zeil 1-1705) gëllt den Chaucer als Auteur geséchert, beim "Fragment C" ass et ëmstridden, beim "Fragment B" widerluegt. The Romaunt of the Rose ass metresch an och sproochlech nach zimlech holpereg, mee den Chaucer huet dorausser vill Motiver geholl, déi seng spéider Gedichter beaflosst hunn, besonnesch den Draam als Rumm vun engem Gedicht.
ABC ass och eng Iwwersetzung aus dem Franséischen. D'Gedicht vum Guillaume de Deguillevilles ass eng Luefpreisung vun der Helleger Jongfra; d'Ufanksbustawe vun de Strophen entspriechen dem Alphabet.
The Book of the Duchess ass dem Chaucer säin éischt eegent Gedicht. Et ass eng Luefried op d'Blanche, déi éischt Fra vum John of Gaunt déi 1368 gestuerwe war. D'Gedicht ass wuel bei enger vun de Gedenkfeieren, déi de Prënz all Joer zu hirem Doudesdag ofhale gelooss huet, entstanen. Et ass en Draamgedicht no franséischem Virbild a beschreift an der allegorescher Sprooch vun der Dichtung vum Haff d'Trauer vum Wittmann.
[Änneren] D'"italienesch" Phas (1372-87)
The House of Fame gëtt op d'Joer 1380 datéiert, an ass och den Draamgedicht, mee inhaltlech hiewt et sech vum Chaucer senger Dichtung däitlech of. Et mäandert op en éischte Bléck ouni But viru sech hinn, mee behandelt a villen Exkursen eng grouss Partie vun Themen, vum Sënn an Zweck vun der Konscht, Wourecht a Ligen an der Geschichtsschreiwung bis zu wëssenschaftlechen Ausféierungen iwwert d'Wiese vu Schall a Loft. Den Dichter Geffrey ass a sengem Dram am Tempel vun der Venus aus Glas erëm, a liest op enger Messingtafel d'Geschicht vum Fall vun Troja. Vun do dréit hien en Adler, deen nawell gäere schwetzt, zum Haus vun der Gëttin Fama, an hien erlieft, wéi si de Ruhm vëlleg willkürlech verdeelt. Zu gudder Lescht kënnt hien d'"Haus vun de Rumeuren", wat ganz aus Äscht gebaut ass, a wou e "Mann vu groussem Ausgesinn", deen net weider beschriwwe gëtt, vu komesche Gestalten an den Eck gedrénktgëtt - do brécht d'Gedicht of. Verschidde Motiver - wéi zum Beispill den Adler - fënnt een am Dante senger Divina Comedia erëm. Ausserdem ass d'Gedicht voll vu parodistesche Verweiser op antik Auteuren, besonnesch op d'Aeneis vum Vergil, um Ovid seng Metamorphosen an op de Boëthius, sou dass et vu Kritiker oft als literaturtheoretesch Ofhandlung gelies gëtt.
Dem Boëthius säi Wierk De Consolatione philosophiae ("Vum Trouscht vun der Philosophie") huet den Chaucer och ëm 1390 als Boece an d'Englescht iwwerdroen. Et ass an enger Handschrëft aus dem fréie 16. Joerhonnert erhalen.
Anelida and Arcyte behandelt d'onglécklech Léift vun der armenescher Kinnigin Anelida zum thebaneschen Adlegen Arcyte. Den Zentralen Deel vun dësem Gedicht, wat net fäerdeggestallt gouf, ass de Lamento vun der Anelida. Dësen dramatesche Monolog stellt hir Befindlechkeet immens eloquent duer, an ass mat Introductioun, Stroph, Géigestroph an Epode streng symmetrisch strukturéiert. Verschidden Deeler vun Anelida and Arcyte - wéi zum Beispill d'So vun de Siiwe géint Theben - fënnt ee beim Statius Thebais, d'Klo vun der Léift ass virun allem e franséische Genre, zudem weist d'Erzielsituatioun däitlech den Afloss vum Boccaccio sengem Wierk Teseide, mee déi eigentlech Geschicht ass vum Chaucer selwer.
The Parliament of Fowls (D'Parlament vun de Vigel) ass e weidert Draamgedicht. Déi honnert Strophen am rhyme royal weisen éischt Beleger fir de Valentinsdag als Fest vun der Léift. Wéi och am The House of Fame ass den Erzieler en Dichter, deen ëmsoss versicht, an ale Bicher eppes iwwert d'Léift ze léieren. Gebéckt iwwert Somnium Scipionis - dem Dram vum Scipio aus dem Cicero senger De re publica - schléift den Dichter an, a gëtt am Dram vum Scipio selwer an de Gaart vun der Léift gefouert. Do hunn sech d'Vigel ënnert dem Virsëtz vun der Gëttin Nature zur Balz afonnt. Eng Adlerdam ka sech tëscht dräi Freier net entscheeden a gëtt vun der Gëttin ënnerbrach, déi d'Verhandlungen zur Partnerwahl mat den anere Vigel ophëllt. Dobäi plädéieren d'Dauwe fir éiweg trei ze sinn, de Kuckuck steet fir d'Promiskuitéit. Dem Chaucer seng Allegorie gëtt oft als Gelegenheetsgedicht fir d'Hochzäit vum Kinnek Richard II. mat der Anne vu Béime gedeit.
Am Troilus and Criseyde gëtt d'Léift net allegoresch verkläert, mee an hirer psychologescher Komplexitéit an zimlech moderner Weis beliicht. D'Versepos, och am rhyme royal gehalen, huet als Thema d'Léift vum trojanesche Prënz Troilus an der Criseyde (Cressida). Mat der Hëllef vun hirem Monni Panderus kann den Troilus d'Häerz vun der Criseyde gewannen, mee verléiert si schlussendlech un de griichesche Krieger Diomedes. Um Enn vum Gedicht gëtt den Chaucer jonke verléifte Koppelen de Rotschlo, sech net der Léift op Äerden zouzewennen, mee der himmlescher Léift zu Gott; dës Ausso ass wéi dat ganzt Gedicht däitlech vun der Philosophie vum Boëthius geprägt. Dat direkt Virbild war awer Il Filostrato (ëm 1340) vum Boccaccio.
Am The Legend of Good Women huet den Chaucer verloossene Fraen an der Geschicht an an der Mythologie geduecht, an och den "Hellege" vum Cupido; dës Thematik fënnt een och beim Ovid (Epistulae heroidum). Am eenzelne gëtt d'Geschicht vun der Kleopatra, der Thisbe, der Dido, der Medea der Hypsipyle, der Lucretia, der Philomele, der Phyllis an der Hypermestra erzielt. De Prolog ass wuel déi éischten epesch Dichtung an der englescher Literatur, déi komplett an heroic couplets verfaasst ass. Dëse Vers huet den Chaucer och an de meeschte vu senge Canterbury Tales benotzt.
[Änneren] D'Canterbury Tales
Kuckt och den detailléierten Artikel zu de Canterbury Tales.
D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1388 entstanen, am Chaucer senger "englescher" Phas. Säi literarescht Virbild ass awer trotzdem den Decamerone vum Boccaccio. Aus dëser Sammlung vun 100 Novellen huet den Chaucer virun allem den Organisatiounsprinzip vun der Rummhandlung iwwerholl; d'Geschichte selwer sinn awer vum Chaucer selwer.
De berühmte Prolog stellt d'Rumm duer, fir dat wat geschitt: den Dichter ass op enger Pilgerfahrt bei d'Graf vum Hellegen Thomas Becket zu Canterbury. An enger Tavern virun den Dire vu London stéisst hien op 29 aner Leit mam selwechte But a schléisst sech hinnen un. De Wiert an der Wiertschaft schléit vir, all Pilger soll op der Hin- an Zeréckrees zwou Geschichten erzielen, och mam Hannergedanken d'Gäscht bei Laun fir ze Drénken ze halen. Den Chaucer charakteriséiert am Prolog all Pilger a kuerzen awer realistesche Portraiten. Sou ensteet e verklengert Bild vun der englescher Gesellschaft vu senger Zäit, vum Ritter iwwert d'Nonn bis zum Bauer ass all Schicht vertrueden. Eng Pilgerfahrt war déi eenzeg plausibel Gelegenheet, wou esou eng faarweg Gesellschaft tatsächlech zouenaner fonnt hätt, a sou erweist sech d'Handlungsrumm als Instrument vun enger realistescher Duerstellung.
Vun de geplangten 120 Erzielungen huet den Chaucer der nëmmen 22 fäerdeggeschriwwen, zwou weider sinn onvollend bliwwen. Zwou Tales (The Parson's Prologue and Tale an The Tale of Melibee) si Prosanovellen, déi aner meeschtens an der Reimform vu jambesche Pentameteren nom Schema aabbcc. Den heitege Standarttext gouf aus verschiddene Manuskripter zesumme gedroen, sou dass een 10 Fragmenter ënnersceede kann, déi zesummenhänken. Verschiddener verweisen inhaltlech op anerer, mee d'urspënglech Reievolleg vun den Erzielunge kann net méi ouni Zweifel rekonstruéiert ginn.
D'Villfalt vun de Canterbury Tales mecht hire Reiz aus. Den Chaucer huet jiddferengem vu senge Pilger eng charakteristesch Sprooch an eng passend Geschicht ginn, sou dass eng Villzuel vu Genren niewendenee bestinn, awer duerch d'Rummhandlung eng Eenheet duerstellen. Esou verknäppt den Chaucer fromm Hellegelegenden, Dichtung vum Haff an och méi derb Geschichten elegant an ouni Widersproch. A jénkster Zäit koum et virun allem zu Interpretatiounen, déi d'Canterbury Tales als Stännersatir deiten.
[Änneren] Wëssenschaftleche Wierker
Den Chaucer huet wahrscheinlech fir säi Jong eng Zort Gebrauchsanweisung fir en Astrolabium geschriwwen (Treatise on the Astrolabe). Dës Schrëft gëlt als Beleg, dass hien och technesch a wëssenschaftlech verséiert war. En astronomescht Wierk mam Titel Equatorie of the Planetis, wat 1952 entdeckt ginn ass, verfollegt verschidden Theme vum Treatise an ass sproochlech gesinn sengem Virgänger ähnlech. Et ass awer net bewisen, dass dëst och vum Chaucer ass.
[Änneren] Iwwerliwwerung a Wierkungsgeschicht
Schonn zu Liefzäite goufen dem Chaucer seng Wierker am In- an Ausland gelueft, ë. a. vum John Gower, Thomas Usk an Eustache Deschamps. No sengem Doud am Joer 1400 huet eng Kanoniséierung vum Chaucer als "Morgenstern vun der englescher Dichtung" ugefaangen, besonnesch duerch den Haffdichter John Lydgate. Dem Chaucer säi Stil gouf dacks imitéiert, verschidden Dichtunge vu sengen Nomaacher hu bis an d'20. Joerhonnert als Chaucer-Originaler gegollt. Seng Wierker goufen an Handschrëfte kopéiert, a mat all Kopie si Feeler, Ännerungen oder dialektal Variatiounen an den Originaltext komm, sou datt op eemol eng grouss Partie verschidde Versioune vun de Canterbury Tales kurséiert sinn. D'Grondlag fir all heiteg Augaben ass dat sougenannten Ellesmere-Manuskript, wat ëm 1410 entstanen ass. D'Hengwrt-Manuskript wat an der walisescher Nationalbibliothéik zu Aberystwyth ze fannen ass, ass wahrscheinlech nach méi al (ëm 1400) a gouf méiglecherweis esouguer vum selwechte Kopist gemaach, wéi d'Ellesmere-Manuskript. Et weist awer Ofweichungen op, déi op eng Zensur schléisse loossen. Sou ass d'Erzielung vun der Fra aus Bath hei immens entschäerft.
D'Begeeschterung fir den Chaucer huet am ganze 15. Joerhonnert ugehalen, an d'Canterbury Tales war eent vun den éischte Bicher, wat an England gedréckt gouf. Déi éischt Drockausgab vum William Caxton ass am Joer 1478 erauskomm. Zwee Drame vum Shakespeare gi mëttelbar op den Chaucer zeréck: Two Noble Kinsmen inspiréiert sech un Troilus and Criseyde an un The Knight's Tale (Canterbury Tales).
Am 16. a 17. Joerhonnert ass dem Chaucer seng Berühmtheet ëmmer manner ginn, virun allem well dat Mëttelenglescht wéinst Lautverschiebungen an anere sproochlechen Entwécklungen ëmmer méi onverständlech ginn ass. Den John Dryden huet den Chaucer als "Papp vun der englescher Dichtung" geluewt, a verschidden Tales op Neienglesch iwwersat. D'Meenunge vun de Romantiker iwwert den Chaucer goungen ausenaner. Vill hunn hie wéinst der Urtümlechkeet vu senger Dichtung geschätzt, anerer, wéi de Lord Byron hu fonnt hie wär "obszön a veruechtenswäert". Am 19. an 20. Joerhonnert goufe seng Wierker zum Géigestand vun der moderner Literaturwëssenschaft. D'Chaucer Society (zanter 1978 New Chaucer Society) gëtt zënter 1868 all Joer eng Anthologie mat Essaien eraus, déi haut den Numm Studies in the Age of Chaucer dréit.
Dat berühmteste Gedicht vun der engleschsproocheger Modern, dem T. S. Eliot säin The Waste Land (1922) fänkt mat enger Referenz un déi éischt Wierder am Prolog vun de Canterbury Tales unn:
|
|
D'Canterbury Tales goufen och e puer mol fir den Theater adaptéiert, als Musical opgefouert a verfilmt, ënner anerem vum Pier Paolo Pasolini (I Racconti di Canterbury, 1972).
Déi fréi kanounesch Plaz vum Chaucer huet och d'Standardiséierung vun der englescher Sprooch op der Grondlag vun der Londoner Kanzleisprooch beaflosst. Den Oxford English Dictionary schreiwt déi éischt schrëftlech Ernimmung vu villen englesche Wierder dem Chaucer sengem Wierk zou, dorënner beim Bustaw A alleng d'Wierder acceptable, alkali, altercation, amble, angrily, annex, annoyance, approaching, arbitration, armless, army, arrogant, arsenic, arc, artillery an aspect.
[Änneren] Wierker
[Änneren] Wierksausgaben an Iwwersetzungen
- Larry D. Benson: The Riverside Chaucer. 3. Oplo, Oxford University Press, Oxford, 1988, 1374 Säiten, kommentéiert Gesamtwierk; gëllt als Standardeditioun.
- Die Canterbury-Erzählungen. erausgi vum Joerg O. Fichte, 3 Bänn. Goldmann, München 2000 (mëttelengleschen Originaltext mat däitscher Prosaiwwersetzung)
- Troilus und Criseyde. Insel, Frankfurt am Main 2000
[Änneren] Literatur zum Thema
D'Literatur zum Chaucer sengem Wierk ass immens, net zulescht, well si iwwer honnerte vu Joren zeréckgeet. All Joer erschengt an de Studies in the Age of Chaucer eng kommentéiert Bibliographie zum aktuelle Stand vun der Fuerschung. Eng systematesch Online-Bibliographie fënnt een hei op der Chaucer-Säit vun der Harvard-Universitéit.
- Harold Bloom, Geoffrey Chaucer. Chelsea House: Broomall. Pa. 2003 ISBN 0791051153
- Muriel Bowden, A reader's guide to Geoffrey Chaucer. Syracuse UP, 2001 ISBN 0815606966
- Terry Jones et al., Who murdered Chaucer? A medieval Mystery. Methuen, London 2000 ISBN 0413759105
- Gillian Rudd, The complete critical guide to Geoffrey Chaucer. Routledge, London 2001 ISBN 0415202418
- Mette Hansen, The Visioner's Tale : A Reconstruction. Mette Hansen, Aarhus, 2000
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Allgemeng
Commons: Geoffrey Chaucer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Chaucer-Website vun der Harvard-Universitéit (englesch)
- Editiounsgeschicht vun de Canterbury Tales (englesch)
- e kuerze Portrait vum Chaucer bei Klassiker der Weltliteratur
- ZEIT-Artikel zum The Parliament of Fowls
- Chaucer-Metapage (englesch)
- kommentéiert Lëscht vun Chaucer-Weblinks (englesch)
- Dem Chaucer säi Graf am Poet's Corner
[Änneren] Texter (Mëttelenglesch)
- D'Canterbury Tales an der Versioun vum éischte Riverside Chaucer vun 1957, eg. vum F. N. Robinson
- Hypertext vun de Canterbury Tales mat mëttelengleschem Originaltext, enger Iwwerdroung an d'Neienglescht a Glossar
- dem Chaucer säi Gesamtwierk
- The Book of the Duchess
- The House of Fame
- The Parliament of Fowls
- Trolius and Criseyde
- The Legend of Good Women