Astrolabium
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Astrolabium oder en Astrolab (griech. „Stärenhueler“) ass e Miessinstrument fir d’Wénkelmiessung um Himmel. Héchstwahrscheinlech ass den Astrolabium vum Eratosthenes géint 250 v. Chr. entwéckelt ginn. Aner Quelle schreiwen d’Erfindung der Mathematikerin Hypatia vun Alexandria zou, déi zu Enn vum véierten an Ufank vum fënnefte Joerhonnert gelieft huet. Déi deemools als Astrolabien bezeechent Instrumenter ginn haut Armillarsphären oder sphäresch Astrolabie genannt. Mat sou Instrumenter goufen Stärekatalogen vum Hipparchos a vum Ptolemäus gemaach.
Déi zënter dem Mëttelalter allgemeng bekannte scheiwefërmeg Astrolabien sollen op den Hipparchos zeréckgoen a goufen am arabesche Raum weider entwéckelt. Si erlaben zwar manner Miessunge wéi déi sphäresch Form (nëmmen d’Héichmiessung vun den Himmelskierper iwwer dem Horizont), sinn awer och als analog Recheninstrument ze gebrauchen. Domat ware si fir praktesch Zwecker wéi d’Uertung bei Expeditiounen oder op der Séifaart wiesentlech besser gëeegent. D’Miessung vun der Kulminatiounshéicht bekannter Fixstäre erméiglecht d’Berechnung vun der geographesch Breet. Mat Kenntnis vun der aktuellen Auerzäit léisst sech doriwwer eraus och d’geographesch Längt ermëttelen.
An der europäescher Schëfffahrt goufen d’Astrolabien haaptsächlech tëschent dem 15. an 17. Joerhonnert fir d’Navigatioun verwend a sinn d’Virleefer vum Sextant. Vum fréien 16. Joerhonnert un, gouf bei der Wénkelmiessung och den Jakobsstaf ugewannt.
De Numm Astrolab déngt zënter 1930 och fir e puer Instrumenter an der Astrogeodäsie, mat deene Stärduerchgäng an engem konstanten Héichwénkel vu meeschtens 60° präzis gemiess ginn. Dëse Wénkel gett engersäits duerch e spezielle geschlaffene Glasprisma definéiert, anerersäits duerch e spigelnden Quecksëlwer-Horizont oder e Nivelléierinstrument. Bekannt Bautypen sinn d’Danjon-Astrolab, d’Zirkumzenital an dat Ni2-Prismenastrolab vun Zeiss. Si erlaben - je no Opwand a Gewiicht – d’Bestëmmung vun der Lotrichtung mat Genauegkeeten vun ±0,01" bis 0,5".
[Änneren] Literatur
- Bergmann, Werner: Innovationen im Quadrivium des 10. und 11. Jahrhunderts. Studien zur Einführung von Astrolab und Abakus im lateini schen Mittelalter. Stuttgart 1985 (= Sudhoffs Archiv, Beihefte 26)
- Brunold, Martin: Der Messinghimmel. Eine Anleitung zum Astrolabium. La-Chaux-de-Fonds 2001
- d`Hollander, Raymond: L'astrolabe: Histoire, théorie et pratique. Paris 1999
- Gerstbach, Gottfried: Optimierung von Astrolab-Beobachtungen. Geowissenschaftliche Mitt. Band 7, TU Wien 1976
- Stautz, Burkhard: Die Astrolabiensammlungen des Deutschen Museums und des Bayerischen Nationalmuseums. München 1999
- National Maritime Museum, Greenwich: The Planispheric Astrolabe. Greenwich 1976
- Michel, Henri: Traité de l'astrolabe. Paris 1947
[Änneren] Um Spaweck
- Eng schéi Beschreiwung vun engem Astrolabium, ët ginn och Eenzeldeeler erklärt
- Websäit iwwer eng Ausstellung an der Uni Erlangen
- "The Electric Astrolabe" Planetariumprogramm a Form vun engem Astrolabium.
- The Astrolabe
- A working model of the Dr. Ludwig Oechslin's Astrolabium Galileo Galilei watch
- Ulysse Nardin Astrolabium Galilei Galileo: A Detailed Explanation