Glykolys
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Glykolys (och nach Embden-Meyerhof-Wee genannt) ass e Stoffwiesselwee duerch deen Glukos ofgebaut gëtt. Dobäi entstinn aus engem Molekül Glukos zwee Moleküle Pyruvat. Déi Energie, déi bei dësem Ofbau fräigesat gëtt, gëtt benotzt fir 2 ATP-Molekülen an 2 NADH,H+-Molekülen hierzestellen. De Pyrvat gëtt an Acetyl-CoA ëmgewandelt fir an den Zitratzyklus (ënner aerobe Konditiounen) oder e gëtt zu Laktat vergärt (ënner anaerobe Konditiounen).
D'Glykolys spillt sech am Zytosol vun den Zellen of, souwuel ënnert aerobe wéi anaerobe Konditiounen.