Gocta-Waasserfall
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gocta-Waasserfall an der peruanescher Provënz Chachapoyas ass mat enger Fallhéicht vu 770 Meter ee vun den héichste Waasserfäll iwwerhaapt.
En ass eng 700 Kilometer am Nordoste vun der Haaptstad Lima ze fannen, an ass benannt no den Awunner vun där Reebësch-Amazonasregioun.
Bei enger drëtter Expeditioun am Mäerz 2006 huet eng däitsch-peruanescher Grupp, déi vun engem däitschen Entwécklungsassistent, dem 32 Joer alen Stefan Ziemendorff geleet gouf, et fäerdeg bruecht, de Waasserfall fir d'éischte Kéier ze filmen. Am Joer 2002 hat déiselwecht Equipe de Waasserfall entdeckt a vermooss.
Deen héichste Waasserfall ass den Salto del Angel-Waasserfall a Venezuela mat enger Fallhéicht vun 972 Meter.