Gottlob Frick
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gottlob Frick, gebuer den 28. Juli 1906 zu Ölbronn, a gestuerwen den 18. August 1994 zu Mühlacker) war en däitsche Bass-Sänger.
[Änneren] Säi Liewen
De Gottlob Frick ass als jéngst vun 13 Kanner an engem Fierschterhaus opgewues. Seng außergewéinlech Bassstëmm ass fréi opgefall an hien huet 1927 am Chouer vun der Stuttgarter Staatsoper gesong. Fir d'éischt als Solist stoung de Frick 1934 an der Roll vum Daland am Der fliegende Holländer op der Bühn vum Landestheater vu Coburg. No e puer Emweeër zu Freiburg im Breisgau an zu Königsberg (Ostpreußen), wou de Karl Böhm de Sänger 1939 héiert an hien direkt engagéiert fir an d'Staatsoper op Dresden. Do sollt de Frick bis 1950 bleiwen, an all wichteg Bassrolle sangen: den Osmin, de Sarastro, de Rocco a séng léiwste Roll, de Philipp den Zweeten an natierlech d'Wagner-Bassrollen.
Du goung et hin an hier: 1950 bis 1953 un der Städtischen Oper Berlin, 1957 bis 1967 als Gaascht un der Covent Garden Oper zu London. Dann 1960 bis 1964 séngt hien op de Bayreuther Festspiele de Pogner, den Hunding, den Hagen and de Fasolt.
1970 huet de Mann mat der breder, donkel timbréierter, déiwer Bassstëmm säin Äddi vun der Bühn geholl.
[Änneren] Seng Rollen (eng Auswiel)
- De Sarastro an dem Mozart senger Die Zauberflöte
- De Philipp den Zweeten am Giuseppe Verdi sengem Don Carlos
- De Kaspar an dem Carl Maria von Weber sengem Der Freischütz
-
- Hie wollt ni den Baron Ochs von Lerchenau an dem Richard Strauss sengem Der Rosenkavalier sangen.