Gouschtengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Gostingen de: Gostingen |
|||
Gemeng | Fluessweller | |||
Buergermeeschter | Théo Weirich | |||
Kanton | Gréiwemaacher | |||
Awunner | 365 | |||
Koordinaten | ° 49’ 37’’ 20, N° 6’ 21’’ 14 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Gouschtengen, oder wéi aner Awunner soen: "Gouschteng", ass eng Uertschaft an der Gemeng Fluessweller.
Den Uertschaftsnumm mat senger Endung ob –ingen (Gostingen) huet e germanesch-fränkeschen Ursprong.
Déi Gouschtenger hunn de Spëtznumm Bounepatscherten.
[Änneren] Geographie
Gouschteng läit an engem Säitendall vun der Musel.
D'Duerf ass staark vun der Topografie geprägt a passt sech dëser un andeems et 30 Héichtemeter iwwerwënnt. Sou läit am Nordwesten den Härebierg an am Süden de Spreetbierg.
Duerch Gouschteng fléisst d'Gouschtenger Baach, déi bei Éinen an d'Musel leeft.
[Änneren] Struktur vum Duerf
Gouschteng ass eng Mëschung tëschent Ronnduerf a Stroossenduerf.
Am Zentrum vum Duerf ronderem d'Kierch ass Gouschteng ee Ronnduerf, wat ee virun allem vun deene liicht gekrëmmte Stroossen erkennt, déi d'Kierch als Mëttelpunkt hunn. Am Duerfkär ass d'Bebauungsdicht grouss an dowéinst ginn et hei seele Gäert bei den Haiser. Fréier haten déi meeschten Haiser hir Gäert baussent dem Duerf. D'Kierch steet op der Kräizung vun deene 4 Haaptstroossen wou mat der Zäit eng ëffentlech Plaz entstanen ass.
[Änneren] Geschicht
Als eelste Bewäis fir eng Uertschaft ass ee Beil aus Steen, deen zréckgeet bis an d'Jongsteenzäit oder den Ufank vun der Bronzezäit. Dëst ass op engem Stéck no bei Gouschteng fonnt ginn. Während dem 2. an 3. Joerhonnert stoung no beim haitegen Duerfkär e gallo-réimeschen Haff. Ob dësem Haff gouf, wéi op all aneren Häff vun där Zäit Véizuucht an Akerbau bedriwwen an d'Haaptprodukter waren Uebst, Geméis, Woll, Lieder a fir d’Muselgéigend typesch de Wäin. Dës Aart a Weis fir Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen huet bis an d’Mëttelalter an Neizäit d’Géigend geprägt. Mat de Germanenafäll gouf de gallo-réimeschen Haff zerstéiert, wat dee fréiest méiglechen Zäitpunkt ass, wou sech d'Franken ob der Plaz vum haitege Gouschteng usidele konnten. Déi Fränkesch Siidler hunn d’Leit um Härebierg begruewen, mam Gesiicht géint Oste gedréint. Mat dem Chrëschtentum awer gouf domat opgehalen an et ass ee Kierfecht an eng Kapell entstaanen. Am Joer 929 ass d’Abtei St. Maxim vun Tréier Grondhär ginn iwwert de Bann an de Bezierk Gouschteng.
De Kär vun der Uertschaft besteet aus der Kierch, déi 1859 ob dem fréiere Kierfecht, dee vun den éischte fränkesche Siidler gebaut gi war, entstaanen ass. D'Kierch ass 1897 vergréissert ginn. Den Duerfkär léist ob eng fréimëttelalterlech bzw. mëttelalterlech Struktur schléissen, wat vun den Hausnimm Haff, Scheier, Keller, Millesch bestätegt gëtt.
[Änneren] Kuckeswäertes
Kuckeswäert ass Duerf selwer mee och d'Feldweeër ronderëm Gouschteng, wou ee spadséiere goe kann. Besonnesch interessant sinn d'Weeër laanscht d'Wéngerten, wou een d'Fauna an d'Flora vun den alen Dréchemauere gesi kann.
[Änneren] Ëffentlecht Liewen
Zu Gouschteng ginn et 8 verschidde Veräiner, déi d’Liewen zu Gouschteng mat ënnerschiddleche Festivitéiten an Aktivitéiten gestalten.
Dës Veräiner sinn:
- Chorale Ste Cécile Gostingen, gegrënnt 1871
- Pomjeen Gouschteng, gegrënnt 1905
- Gaart an Heem Gouschteng-Beyren (ass 1936 schonn erwähnt ginn, zënter 1955 ginn et awer eréischt Ënnerlagen)
- Fanfare Gouschteng-Beyren, gegrënnt 1947
- Spuerveräin "Eng heemlech Mouck", gegrënnt 1961
- DT Sporting 72 Gostingen, gegrënnt 1972
- Club des Jeunes Gouschteng a.s.b.l. gegrënnt 1987
- Spillkëscht DUMBO gegrënnt 1995
1967 ass d’ Entente des Sociétés de Gostingen gegrënnt ginn, déi als Aufgab huet, de Veräinssall ze verwalten an d'Aktivitéite vun de Veräiner ze koordinéieren.
[Änneren] Infrastruktur
- Schoul, déi nach als Spillschoul genotzt gëtt, an aner Raim deelweis vu verschiddene Klibb als Übungsraum a Clubraum benotzt ginn.
- Kläranlag
- Veräinsbau
[Änneren] Perséinlechkeeten
[Änneren] Fir ze liesen
- Reinert, Georges: Beiträge zur Geschichte der Ortschaft und der Flur in: Centenaire des sapeurs-pompiers Gostingen : 1905 - 2005. - Gostingen : Sapeurs-pompiers ; 2005. - P. 73-92, ill.