Grad Celsius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Grad Celsius ass eng Moosseenheet vun der Temperatur. D’Celsius-Skala gouf 1742 duerch de schwedeschen Astronom Anders Celsius agefouert, no deem d’Eenheet 1948 och genannt ginn ass.
D’Celsius-Temperaturskala huet als Fixpunkten d’Temperature vun dem Gefréier- a Kachpunkt vum Waasser bei Normaldrock, d. h. engem Loftdrock vun 1013,25 hPa.
Dës Temperature gi mat engem Quecksëlwerthermometer gemooss an den Deel tëschent dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt, an eng Skala vun 100 gläichlangen Ofschnëtter agedeelt. Een esou en Deel gëtt Grad genannt.
[Änneren] Formelzeeche fir thermodynamesch Temperaturen an Celsius-Temperaturen
Als Formelzeeche fir d’Celsius-Temperatur ass d'Zeechen (seelen och θ) (Theta), an no DIN 1345 vum Dezember 1993 de klengen t gebräichlech an normgerecht.
Falsch ass dogéint de Gebrauch vum groussen „T“.
De groussen T gëtt fir d’absolut Temperatur an der Kelvin-Skala gebraucht.
[Änneren] Definitioun
Fir d’Zuelewäerter vun enger Celsius-Temperatur an der entspriechender thermodynamescher Temperatur gëlt folgend Bezéiung:
[Änneren] Temperaturdifferenz
D’Temperaturdifferenz ass den Ënnerscheed an der Temperatur vun zwéi Miesspunkten , déi sech an der Zäit an/oder räimlecher Positioun ënnerscheeden.
D’Zuelewäerter vun Temperatur-Differenze stëmme beim Gebrauch vun der Eenheet Kelvin oder Grad Celsius iwwereneen: