Griichesch Orakelen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Orakele spillen eng fundamental Roll an der griichescher Relioun a Kultur. D'Orakel ass d'Äntwert vun engem Gott op eng Fro déi him gestallt gëtt. Esou Orakele kënnen nëmme vu bestëmmte Gëtter op bestëmmte Plazen ausgeschwat ginn. Ausserdem musse gewësse Rite respektéiert ginn, ier et zu enger Befroung vun der Gottheet komme kann. Ausserdem ass fir d'Interpretatioun vun der Äntwert dacks e "Studium" noutwenneg, an esou ginn d'Orakelen och meeschtens vu geschoultem a spezifeschem Personal interpretéiert.
D'Wuert Orakel steet och fir de konsultéierte Gott, de mënschlechen Interpret, oder och nach d'Plaz wou de Gott befrot gëtt. D'griichesch Sprooch ënnerscheed dës verschidde Sënner: nieft anere Wierder gëtt d'Äntwert χρησμός khrêsmós genannt, wat esouvill heescht wéi "de Fait z'informéieren". A verschiddene Source fënnt een och den Term φάτις phátis, "de Fait ze schwätzen". Den Interpret gëtt dacks προφήτης prophêtês, "deen deen an der Plaz [vum Gott] schwätzt", oder μάντις mántis genannt. D'Plaz wou dat Ganzt ofleeft heescht χρηστήριον khrêstếrion.
D'Mantik, dat heescht den Domaine vun der Wahrsagung besteet am antike Griicheland nëmmen aus den orakuläre Wëssenschaften. Hellseher wéi den Teiresias si mythologesch Personnagen. D'Wahrsagung am Ale Griicheland ass net d'Aarbecht vun e puer inspiréierte Stierflechen, mee vu Persounen, déi sech streng un d'Riten halen, och wann d'Traditioun esou un eng Inspiratioun gleewe léisst, oder wéi d'Griichen et genannt hunn, ἐνθουσιασμός enthousiasmós, "de Fait Gott a sech ze hunn".
[Änneren] Orakel-Gottheeten
D'Mantik, μαντεία manteía, ass eenzeg an alleng eng göttlech Fäegkeet. Fir d'griichesch Mantik ze verstoen, muss ee wëssen datt d'Schicksal, wat duerch déi dräi Moiren (Μοῖραι mõirai) personnifizéiert gëtt, eng onofhängeg Kraaft ass, an esouguer d'Gëtter kënnen näischt dogéint maachen. Allerhéchstens kënne si d'Schicksal fir eng Zäit ophalen, oder d'Mënschen driwwer a Kenntnis setzen. Dës Kraaft vun der Wahrsagung schéngt an enger éischter Zäit u chthonesch Kräfte (χθών khthốn, Äerd) gebonne gewiescht ze sinn, wouduercher och d'Orakele via Inkubatioun kommen, d.h. deen dee gefrot huet krut seng Äntwert am Dram, nodeems en eng Nuecht um Buedem geschlof huet.
Déi éischt Orakel-Gottheet ass den Zeus, deem vill Orakelen ënnerstinn, wouvunner dat eelst zu Dodona (Epirus).
Zu den Zeus-Orakelen, kuckt w.e.g. d'Artikelen Orakel vun Dodona, Zeus-Amun Orakel an Orakel vun Olympia.
Den Apollo huet op verschiddene Plazen den Zeus quasi verdrängt. Kuckt dozou den Artikel Orakel vun Delphi.
D'Aphrodite gouf zu Paphos op Zypern befrot, den Aklepios zu Epidaurus.
[Änneren] Déi grouss Orakele vum Ale Griicheland
- Orakel vun Delphi
- Orakel vun Dodona
- Orakel vu Klaros
- Orakel vun Olympia
- Zeus-Amun Orakel
- Nekromantion (Doudenorakel)
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |