Guy Linster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guy Linster (gebuer den 8. November 1933) ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker.
De Guy Linster huet Sprooche studéiert a war bis 1974 Lycées-Prof. 1974 gouf hie Staatssekretär fir Erzéiung an der Regierung Thorn-Vouel-Berg (bis 1979). Dono war e 5 Joer laang Professer um ISERP. Vun 1984 un huet hien an der Staatsverwaltung geschafft, noeneen am Ëmwelt-, am Erzéiungs-, Landesplanungs- a Kommunikatiounsministère, wou e Premier conseiller, resp. Administrateur général war.
Hie war ë.a. Member vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7 a vun der Fondation Bassin Minier a President vum Nationale Kulturfonds.
Zënter 1962 a mat Ausnam vun de Joren 1974 - 1981, war hie Conseiller am Gemengerot vun der Gemeng Koplescht an ass zënter 2005 do Buergermeeschter.