György Sándor Ligeti
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De György Sándor Ligeti gouf den 28. Mee 1923 zu Dicsőszentmárton, (haut Târnăveni) a Siebenbürgen a Rumänien gebuer. Hien ass den 12. Juni 2006 zu Wien gestuerwen. Den eisträichësche Komponist ungaresch-jiddischer Ofstammung gëllt net nëmmen als ee vun de grousse Komponisten vum 20. Joerhonnert, me hie konnt virun allem der Neier Musek wichteg Impulser ginn.
Dem net musekinteresséierte Public ass hie bekannt ginn duerch dem Stanley Kubrick säi Film 2001: A Space Odyssee an deem den Realisateur e puer vum Ligeti senge Wierker gebraucht huet.