Wien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
An dësem Artikel geet et ëm d'Stad Wien. Fir aner Bedeitunge vum Numm Wien, kuckt w.e.g. Wien (Homonymie).
Wien | |
---|---|
Land | Éisträich |
Koordinaten: | 48° 07' - 48° 19' N 16° 11' - 16° 34' O |
Fläch: | 414,90 km² |
Awunner: | 1.631.082 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 3.931,3 / km² |
Héicht: | 170 m i. NN |
Buergermeeschter: | Michael Häupl (SPÖ) |
Wien ass d'Haaptstad vun der Republik Éisträich a gläichzäiteg e Bundesland. Si huet 1.631.082 Awunner (2005), am Groussraum Wien liewen eng 2 Millioune Mënschen.
D'Wouerzeeche vu Wien sinn d'Riserad an de Stephansdoum.
Wien ass Sëtz vu verschiddenen internationalen Organisatiounen, wéi der OPEC (Organisatioun vun deene Länner, déi Petrol exportéieren), der OSZE, der IAEA (International Atomenergie Agence) souwéi drëtt UNO-Stad (UNOV), niewt New York, Genf an Nairobi. D'Bannestad vu Wien gouf am Dezember 2001 op Optrag vun der Republik Éisträich op d'Lëscht vun der Weltkulturierfschaft opgeholl, an zielt zu den allgemenge Weltstied.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Lag
D'Entwécklung zu enger vun de bedeitendsde Stied a Mëtteleuropa verdankt Wien ënner anerem senger gënschteger geographescher Lag. D'Stad läit tëscht den nordëstlechen Ausleefer vun den Alpen, am nordwestlechen Deel vum Wiener Becken. D'historesch Stad ass haaptsächlech südlech vun der Donau entstanen, haut get d'Stad iwwer béid Ufer. Wien ass un enger Kräizung vun ale Verkéiersstroossen a West-Ost an a Nord-Süd-Richtung (Bernsteenstrooss). D'Donau war hei liicht ze duerchqueren, well sech de Stroum am Wiener Becken op eng méi grouss Fläch verdeele konnt.
Nom Fall vum Eiserne Rideau sinn d'Verkéiers- a wirtschaftlech Bezéiungen zu den ëstlechen Nopere vun Éisträich nees gewuess. Wien läit zum Beispill nëmme 60km vun der slowakescher Haaptstad Bratislava ewech, en eemolege Fall an Europa.
[Änneren] Landschaft
Vum Wiener Stadgebitt ass nëmmen e klengen Deel bebaut. Ongeféiert d'Halschent vu Wien ass Gréngfläch, gréisser Deeler ginn och landwirtschaftlech genotzt. Wien erstreckt sech vun enger Séihéicht vun 151m an der Lobau bis zu 542m, déi um Hermannskogel erreecht ginn. Hei, am Nordwesten, souwéi am Westen a Südweste vu Wien reecht de Wienerwald mat sengen Héichten (Leopoldsbierg, Kahlenbierg) a Bëscher bis an d'Stadgebitt eran. Aus dem Wienerwald fléissen ausserdem eng Partie kleng Flëss an d'Stad, de bekanntesten ass de Wien.
[Änneren] Ënnerdeelung
Kuckt och den Artikel Wiener Gemengebezierkerd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Wien besteet aus 23 politische Gemengebezierker, déi allgemeng mat enger Nummer bezeechent ginn (z.B.: "17. Bezierk")
1. Innere Stadt | 2. Leopoldstadt |
3. Landstraße | 4. Wieden |
5. Magareten | 6. Mariahilf |
7. Neubau | 8. Josefstadt |
9. Alsergrund | 10. Favoriten |
11. Simmering | 12. Meidling |
13. Hietzing | 14. Penzing |
15. Fünfhaus | 16. Ottakring |
17. Hernals | 18. Währing |
19. Döbling | 20. Brigittenau |
21. Floridsdorf | 22. Donaustadt |
23. Liesing |
D'historesch Alstad, den "1. Bezierk", war bis 1850 identesch mam Stadgebitt.
[Änneren] Klima
D'Wiener Klima ass en Iwwergangsklima mat ozeaneschen Aflëss aus dem Westen a kontinentalen Aflëss aus dem Osten. Dëst mierkt een am Joresvergläich duerch Miessresultater déi staark schwanken. Insgesamt huet Wien nëmme geringen Néierschlo. D'Wanter sinn am Vergläich mam Rescht vun Éisträich relativ mëll. D'mëttel Lofttemperatur am Stadzentrum läit an der Moyenne bei 11,5° C, ronderëm d'Stad bei 9,5°C. Den Néierschlo läit an der Moyenne bei ronn 600 mm.
[Änneren] Geschicht
Kuckt och den Artikel Geschicht vu Wiend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Éischt Besiedlunge loossen sech bis an d'Jongsteenzäit zeréckverfollegen. D'Kelten hunn d'Stad Vedunia genannt, d'Réimer schwetze vu Vindobona. En éischten Opschwong koum mam Haus vun de Babenberger mee wierklech u Bedeitung gewonnen huet d'Stad ënnert den Habsburger, déi Wien 1278 als Haaptsëtz vun de Keeser vum Hellege Réimesche Räich ernannt hunn.
1529 gouf Wien fir d'éischte Kéier vun den Tierke erfolleglos belagert. D'Stad, déi duerch d'mëttelalterlech Mauere geschützt war, konnt den Ugrëffer nëmme mat Méi standhalen, bis schliisslech Seuchen an d'Angscht vun engem fréie Wanter d'Tierken zum Réckzug gezwongen hunn. 1683 koum et zu der Zweeter Tierkebelagerung wou sech d'tierkesch Arméi zeréckgezunn huet, wéi de Kinnek vu Polen Jan Sobieski mat sengen Truppen op Wien komm ass.
Nodeems d'Tierken definitif fort waren, goufe grouss Bauteprojeten an d'Liewe geruff. Ganz Wien gouf am Stil vum Barock nei opgebaut. Dëst ass virun allem mat den Nimm vun den Architekte Johann Bernhard Fischer von Erlach a Johann Lukas von Hildebrandt verbonnen. Virum allem an de Virstied gouf vill gebaut, den Adel huet ugefaangen, dat ganzt Ëmland mat Gaardepalaisen z'iwwerzéien. Am bekannteste sinn de Liechtenstein, Schönborn a Schwarzenberg, a virun allem d'Schlass Belvedere, de Gaardepalais vum Prënz Eugène. 1704 kruten d'Virstied hiert egent Befestegungssystem, de Linnewall.
Ënnert dem Keeser Joseph II. gouf d'Stadverwaltung 1783 moderniséiert: et goufeg eege Beamte fir d'Stad agefouert (de Magistrat). Zu der selwechter Zäit goufen och d'Kierfechter an der Stad opgeléist.
An de Koalitiounskricher gouf Wien direkt zweemol vum Napoléon sengen Truppen ageholl. Nodeems den Napoleon an de Befreiungskricher definitif geschloe war, huet zu Wien vum 18. September 1814 bis zum 9. Juni 1815 de Wiener Kongress stattfonnt, deen d'politesch Kaart vun Europa nei gezeechent huet.
An der éischter Halschent vun dësem Joerhonnert koum et zu enger intensiver Industrialiséierung, 1837 koum den Uschloss un d'Eisebunnsnetz.
D'Franséisch Februarrevolutioun 1848 huet sech och op Wien ausgewierkt. Den 13. März ass fir d'éischt d'Mäerzrevolutioun ausgebrach, déi de Metternich schliisslech zum Réckzug gezwongen huet, de 6. Oktober koum et dann zu der Wiener Oktoberrevolutioun.
No der grousser Iwwerschwemmung vun 1830 goufen et ëmmer nees Iddien fir eng Donaureguléierung, dëst gouf an den 1860er duerchgefouert.
Den Éischte Weltkrich (1914-1918) huet zwar net zu enger onmëttelbarer Bedrohung vu Wien gefouert, mee duerch d'wirtschaftlech Blockad vun der Entente koum et zu enger Versuergungskris, Liewensmëttel a Kleeder wore besonnesch knapp.
Nom Zweete Weltkrich gouf Wien, genee wéi Berlin, a Véier Sekteuren agedeelt, a vun den Alliéierte verwalt.
Nom Krich koum et, wéi iwwerall a Westeuropa zu engem Wirtschaftsopschwong, net zulescht duerch d'Hëllef vum Marshall-Plang.
Wichtig fir Wien gouf d'U-Bahn, déi éischt Deelstreck ass 1978 opgaangen. An den 1970er gouf den drëtten Amtssëtz vun der UNO mat der UNO-City erriicht. Mam Enn vum 20. Joerhonnert gouf zu Wien eng Skyline mat de "Wollekekrazer" Andromeda Tower a Millennium Tower (21. an 20. Bezierk) geschaf.
Bei de Wahle fir de Gemengerot vun 2001 kruten d'Sozialdemokraten d'absolut Majoritéit, déi si 2005 verdeedege konnten. Nodeems d'Liberalt Forum aus der Gemeng eraus war, sinn nëmme nach véier Parteien am Gemengerot vertrueden.
[Änneren] Kultur
Virum allen d'Musek huet Wien weltwäit bekannt gemaach. Et gëtt net vill aner Stied, wou souvill bekannte Komponiste gewierkt hunn. De Wiener Walzer, d'Wiener Sängerknaben, musikalesch Groussveranstaltungen, wéi d'Neujahrskonzert oder de Wiener Opernball si weltwäit bekannt. Berühmt ass Wien och wéinst senger Kichen a senger Kaffeehauskultur.
[Änneren] Theater & Oper
Konscht a Kultur kënnen zu Wien an de Beräicher Theater, Oper oder och Bildend Konscht op eng laang Traditioun zeréckkucken.
Nieft dem Burgtheater, wat zesumme mat senger Zweetbühn, dem Akademietheater, als eent vun de wichtegste Schauspillheiser vun der Welt gëllt, bidden och nach de Vollekstheater Konschtgenoss. Donieft gëtt et och nach eng grouss Partie kleng Bühnen a sech oft dem Kabarett an der Klengkonscht verschriwwen hunn.
Och Frënn vun der Oper kommen zu Wien op hier Käschten: d'Staatsoper an d'Volleksoper bidde eppes fir all Gout, d'Volleksoper widmet sech besonnesch der typesch wienerescher Operette, mee och dem klassesche Musical.
Concerte mat klassescher Musek gi virun allem am Wiener Musekveräin (mam berühmte gëllene Sall) an am Wiener Konzerthaus gespillt.
Den Theater un der Wien huet an de leschte Jore mat Musical-Premiere vu sech schwätze gedo. Am erfollegräichste war d'Musical Elisabeth, wat duerno op der ganzer Welt a verschiddene Sproochen opgefouert ginn ass. Mam Haus der Musik huet Wien zanter 2000 och e Klangmusee fir Kanner an Erwuessener.
De Marionettentheater Schlass Schönbrunn pflegt d'Spill mat wertvolle Marionetten an Operen an Theaterstécker fir Erwuessener a Kanner.
Kuckt och den Artikel [[]]d'Artikelen [[]] an [[]]d'Artikelen Carltheater, Etablissement Ronacher an Wiener Theaterreformd'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Museen
An der Hofburg sinn de Sissi-Musee, d'Appartementer vun de Keeseren, d'Haffsëlwer- an Tafelkammer ze besichtegen, direkt vis-à-vis vun der Haffbuerg fënnt een de Konschthistoreschen an den Naturhistoresche Musee.
An der direkter Noperschaft steet d'Museumsquartier, e Museeskomplex deen an de 1990er Jore gebaut gouf. Hei fënnt een de Musée fir modern Konscht - Stiftung Ludwig, de Leopold-Musee, wat haaptsächlech Wierker vum Wiener Secessiounsismus, der Wiener Moderne an dem éisträicheschen Expressionismus weist. De Palais Liechtenstein weist déi weltwäit gréisst privat Konschtsammlungen.
Net vergiessen duerf een d'Bezierksmuseeen, déi en Abléck an d'Geschicht vum jeweilege Bezierk ginn.
[Änneren] Architektur
Zu Wien fënnt ee Bauwierker aus alle Stilepoche vun der Architektur, vun der romanescher Ruprechtskierch iwwert de gotesche Stephansdoum, d'barock Karlskierch, d'héichbarock Jesuitekierch a Baute vum Klassizismus bis zur Moderne. De Jugendstil huet och seng Spuren zu Wien hannerlooss: D'Secession, an d'Kierch um Steenhaff vum Otto Wagner zielen zu de bekannteste Baute vun dëser Epoch.
Eng vun de beléiftesten Touristenattraktiounen ass d'Hundertwasserhaus vum Friedensreich Hundertwasser, wat als Géigemodell zu der moderner Architektur geduecht ass.
Eng Partie vu Staddeeler goufe säit den 90er Joren nei erchloss. Ëmfangräich Bauteprojeten ronderëm d'Donau City (nërdlich vun der Donau) an um Wienerberg (am Süde vu Wien) goufen ëmgesat. Den 202 m héige Millennium Tower um Handelskai ass zanter 1999 dat héchste Gebai zu Wien.
[Änneren] Iesskultur
Haaptartikel: Wiener Kichen
D'traditionnell Wiener Kichen ass vu fréien Aflëss vun de verschiddene Kulture vun der Monarchie geprägt. Sou kënnt de Gulasch mat senge Wiener Varianten aus Ungarn. Aus Béime komme virun allem d'Mielspeisen, verschidde Strudel, Golatschen a Palatschinken (Pankecher). Beléift ass och de Wiener Schnitzel, deen eigentlech aus Mailand kënnt. Zu de Feinheeten op er Kaart zielt den Tafelspitz (gekachtent Rëndfleesch) mat Kren (Mierriedech).
Zum Stadbild vu Wien gehéieren och déi sougenannte Würstelbuden wou een nieft Wiener och Burenwurst, Käsekrainer a Leberkäse ze schmaache kritt.
De gréisste Maart mat feste Stänn ass de Naschmaart, wou een Uebst, Geméis, Gewierzer, Fësch, Fleesch a villes méi aus aller Welt kafe kann.
Wien ass weltwäit déi eenzeg Metropol mat egenem Wäinubaugebitt. Dëse Wäin gëtt a klenge Lokaler (Heuriger) erausgeschott. De Wäin gëtt meeschtens als Gespritzter gedronk.
Eng weider Spezialitéit vun der Wiener Kultur ass d'Wiener Kaffeehaus.
[Änneren] Verschiddenes a Veranstaltungen
Tëscht der Michaeler- an der Jousefsplaz läit d'Spuenesch Haffreidschoul.
- Wiener Festwochen - e Festival mat Theater-, Musek- a an anere kulturelle Produktiounen op verschiddene Plaze vun der Stad.
- Viennale - De Wiener Filmfestival, zanter 1960 all Joer am Oktober.
- Donauinselfest - Open-Air Musekfestival op der Donauinsel.
- Wiener Opernball
[Änneren] Tourismus
Duerch eng sëlleche Prunkbauten aus der réimesch-däitscher an der éisträichesch-ungarescher Keeserzäit, ville kulturellen Offeren an net zulescht och wéinst dem Ruff als Musekhaaptstad, dee Wien duerch d'Schafe vu berühmte klassesche Museker wéi Beethoven oder Mozart krut, ass d'Stad weltwäit bekannt an e beléift Touristenziel. Mam Fiaker kann een duerch den 1. Bezierk, deen zu der Weltkulturierfschaft zielt, fueren, am Zentrum dovunner steet de Stephansdoum. Net wäit dovunner ewech fënnt een d'Staatsoper, d'Kärntnerstrooss, an déi prunkvoll Ringstrooss.
Vill Touriste kommen am Dezember, wann zu Wien de Chrëschtmaart opgeet.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Wiener Ringstrooss
- Wiener Rathaus
- Wiener Prater
- Wiener Riserad
- Schlass Schönbrunn
- Schlass Belvedere
- Hofburg
- Stephansdoum
- Hundertwasserhaus
- Karlskierch
- Konschthistoresche Musee Wien
- Naturhistoresche Musee Wien
- D'virmoleg Gasometeren
[Änneren] Jumelage
Wien ass mat folgende Stied jumeléiert:
Ausserdem besti Partnerschaften tëscht eenzelne Wieder Bezierker a folgende japanesche Stied/Bezierker:
- Döbling (Wien 19) mat Setagaya (Tokyo) zanter 1985
- Floridsdorf (Wien 21) mat Katsushika (Tokyo) zanter 1987
- Innere Stadt (Wien 1) mit Taitō (Tokyo) zanter 1989
- Meidling (Wien 12) mat Gifu (Gifu) zanter 1992
- Hernals (Wien 17) mat Fuchū (Tokyo) zanter 1992
- Alsergrund (Wien 9) mat Takarazuka (Hyōgo) zanter 1994
- Hietzing (Wien 13) mat Habikino (Ōsaka) zanter 1995
- Donaustadt (Wien 22) mat Arakawa (Tokyo) zanter 1996
D'Jousefsstad (Wien 8) bild zesumme mat de Bezierker Józsefváros zu Budapest an Timişoara de Bond vun de Jousefsstied.
Ausserdem besti folgend Partnerschaften tëscht Bezierker vu Wien a chinesesche Bundeslänner (Provënzen), Stied a Bezierker.
- Innere Stadt (Wien 1) - Shapingba (Chongqing)
- Mariahilf (Wien 6) - Nankai (Tianjin)
- Alsergrund (Wien 9) - Dongcheng (Peking)
- Simmering (Wien 11) - Chaoyang (Peking)
- Donaustadt (Wien 22) - Luwan (Shanghai)
- Liesing (Wien 23) - Fangshan (Peking)
[Änneren] Literatur zum Thema
- Wolfgang Börner, Sigrid Strohschneider–Laue, Archäologie macht Schule – Schule macht Archäologie, Römerzeit. Materialien zur Geschichtsdidaktik. Konferenz für Geschichtsdidaktik Österreich 2/98, 18 –37.
- Fundort Wien. Berichte zur Archäologie Bd. 1/98 ff. ISBN 3-9500492-2-3
- Alexander Glück, Marcello La Speranza, Peter Ryborz: Unter Wien - Auf den Spuren des Dritten Mannes durch Kanäle, Grüfte und Kasematten, Christoph Links Verlag, Berlin 2001, ISBN 3-86153-238-7
- Sigrid Strohschneider–Laue, Steinzeitliches Wien. Lorbeer 2/1996, 2–3
- Sigrid Strohschneider–Laue, Urgeschichte. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 518–519.
- Sigrid Strohschneider–Laue, Steinzeit. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 331.
- Sigrid Strohschneider–Laue, Eisenzeit. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 740–741.
- Otto H. Urban, Der Leopoldsberg - Archäologische Forschungen auf dem Wiener Hausberg (mit mehreren Beiträgen), Wiener Archäologische Studien 2, Wien 1999.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Wien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Baku - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb