Handelskammer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Handelskammer ass eng Lëtzebuerger Beruffschamber, déi d'Intérête vum Handel, der Industrie, de Banken an all anere Betriber mat Ausnam vu deenen aus dem Handwierk an der Landwirtschaft vertrëtt. Den 1. Oktober 1841, nëmmen zwee Joer no der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, huet de Kinnek a Grand-Duc Wëllem II. duerch en Arrêté d'Handelskammer geschaf. Hir Schafung gouf de 4. Abrëll 1924 nach duerch e Gesetz confirméiert, duerch dat zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op éligibler Basis opgebaut gouf. Fir d'Handwierk an d'Landwirtschaft war eng eege Beruffschamber virgesinn.