Haus vun der Natur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Haus vun der Natur, de virege Kräizhaff, ass e Gebäi op der Kockelscheier (um Terrain vun der Gemeng Réiser) wat d' Gemeng Lëztebuerg der A.s.b.l. "D'Haus vun der Natur" 1994 zur Verfügung gestalt huet fir do den éischten Naturschutzzenter vu Lëtzebuerg do anzeriichten.
[Änneren] Historique
Den 29. September 1986 ass d' A.s.b.l. "D'Haus vun der Natur" gegrënnt ginn fir op dës Manéier hier Aarbechten am Beräich Naturschutz ze koordinéieren. Grënnungsmemberen vun dëser Vereenegeng waren déi folgend siewen Naturschutzorganisatiuonen:
- Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, a.s.b.l.
- Fondation Hëllef fir d’Natur, établissement d’utilité publique
- Natura
- Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, a.s.b.l., Sektioun Lëtzebuerg-Stad
- La Société des Naturalistes Luxembourgeois, a.s.b.l.
- Jeunes et Patrimoine, a.s.b.l.
- A.A.T. – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, a.s.b.l.