Hauskaz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
Kleng Hauskaz | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Uerdnung : | Raubdéieren | ||||
Famill : | Kazen | ||||
Ënnerfamill : | Klengkazen | ||||
Gattung : | Kaz | ||||
Aart : | Wëllkaz | ||||
Ënneraart : | Hauskaz | ||||
|
|||||
Felis silvestris f. catus | |||||
D'Hauskaz (Felis silvestris f. catus) ass zënter ville Jorhonnerten en Hausdéier, dat vun de Mënsche gehale gëtt. Si staamt aus der Famill vun de Kazen. Et ginn zwou Kategorië vun Hauskazen: déi laanghäreg an déi kuerzhäreg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D'Hauskaz staamt vun der Wëllkaz of. Haaptsächlech gëtt ugeholl, dass hiren direkte Virfahr d'Falbkaz (Felis silvestris libyca) ass. Dës lieft am Busch an Afrika an an den arabeschen Länner. Den zweetstärksten Afloss huet Steppekaz (Felis silvestris ornata), déi hire Liewensraum an Asien huet. Genetesch Mierkmoler huet d'Hauskaz awer och nach vun der Bëschkaz (Felis silvestris silvestris), déi een an Europa, Klengasien an am Iran fënnt.
[Änneren] Eegeschaften
Kazen ginn normalerweis tëscht 15 an 20 Joer al. Well d'Kazen zu der Uerdnung vun de Raubdéieren gehéieren, hu si och deren Driff, fir op d'Juegd ze goen. Si schläiche sech un hir Beut un, ier si op se drop sprangen. Haaptsächlech nach jonk Kazen beweisen dësen Driff, andeems si op alles sprangen, wat sech beweegt.
[Änneren] Kierperbau
[Änneren] D´Sënner
[Änneren] D'Hale vun Hauskazen
[Änneren] Erzéiung
[Änneren] Ernierung
[Änneren] Fleeg
[Änneren] Kazekrankheeten
[Änneren] Kazerassen
An der Regel geheieren all Rasse fënnef Grondkategorien un:
- Perser
- Halleflaanghoer
- British Kuerzhoer
- Amerikanesch Kuerzhoer
- Orientalesch Kuerzhoer
Haut ginn et bei Wäitem iwwer honnert verschidde Kazerassen. An et kommen der dauernd bäi.