Henri Grethen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Henri Grethen (* 16. Juli 1950 zu Esch-Uelzecht) ass e Lëtzebuerger Politiker.
No der Primärschoul zu Esch an dem Lycée zu Iechternach studéiert den Henri Grethen um Cours Universitaire an dono, vun 1971 bis 1975, zu Léck.
1976 gëtt hie Wirtschaftsberoder, 1978 Generalsekretär vun der Fédérartion des commerçants. 1979 gëtt den Henri Grethen Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, an 1980 Generalsekretär vun der Confédération du Commerce luxembourgeoise. Zanter 1989 ass hien onofhängege Wirschafts-Consultant.
Seng politesch Carrière fänkt den Henri Grethen 1980 als Generalskretär vun der DP un, dat hie bis 1989, an dann erëm vun 1994 bis 2004 war.
1984 gëtt den Henri Grethen fir d'éischt an d'Chamber gewielt, an duerno 1989, 1994, 1999 an 2004 erëmgewielt. Als Deputéierten ass hien och President vun der DP-Chambrsfractioun a vun 1998 un Vizepresident vun der DP. 1999 verzicht en op säi Chambersmandat a gëtt Wirtschafts- an Transportminister an der Regierung Juncker-Polfer. Zanter 2004 ass hien nees Deputéierten.
Den Henri Grethen ass bestuet mam Blanche Moutrier.