Holler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
nach kee Bild do | ||||
An anere Sproochen | fr.: Holler de: Holler |
|||
Gemeng | Wäiswampech | |||
Buergermeeschter | Henri Rinnen | |||
Kanton | Klierf | |||
Awunner | 73 | |||
Koordinaten | ° 50’ 7’’ 24, N° 6’ 2’’ 52 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Holler ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech.
[Änneren] Geographie
Holler, eent vun den eelsten Dierfer aus Lëtzebuerg, läit tëscht den Uertschafte Bënzelt a Breedelt. Vu wäitem stécht déi kleng romanesch-gotesch Kierch aus dem 12. Joerhonnert ervir. Südlech vun Holler am Agank vun engem enke Wisendall, dat vun der Wemperbaach duerchzunn a vu Bësch ëmgrenzt gëtt, läit d'Hollermillen mat engem grousse Milleweier.
[Änneren] Geschicht
Holler gëtt fir d'éischte Kéier an engem Dokument aus dem Joer 893 als Hunlar ernimmt. Deemools huet d'Duerf zu der Äifeler Abtei Prüm gehéiert. Et ass unzehuelen, datt schonns deemools a romanescher Zäit zu Holler eng Kierch stoung, déi vun der Abtei gebaut gouf.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Réimesch-gotesch Kierch aus dem 12. Joerhonnert.
- Restauréiert Bauerenhäiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert.