Iulus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Iulus oder Askanius/Ascanius ass eng Figur aus der griichescher a réimescher Mythologie.
Nom Homer senger Ilias ass hien de Jong vum trojaneschen Adlegen Aeneas a senger Fra Kreusa. Nom Trojanesche Krich ass den Aeneas mat senger Famill an de Latium an Italien geflücht, wou et zu de sougenannten Italiekricher koum. Am Virgil senger Aeneis steet, datt hien och eng Roll bei der Grënnung vu Roum gespillt huet als Kinnek vun Alba Longa.
Op säi Numm beruffen sech d'Gens Julia, deer hire bekannteste Vertrieder wuel de Julius Cäsar ass.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |