IVL
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'IVL, Ofkierzung vun Integrative Verkehrs- und Landesplanung, ass en zesummenhängend Landesplanungskonzept, dat d'Bebaue vu Lëtzebuerg an engem Horizont bis 2020 virausgesäit.
Et geet drëm fir zoukënfteg Usiidlungen (vu Logementer a Betriber) esou ze gestalten, datt:
- den ëffentlechen Transport sënnvoll genotzt ka ginn,
- net onsënneg vill Transportbesoine geschaf ginn (duerch onkontrolléiert Zersidelung), an
- net zevill Landschaft duerch d'Verbaue verbraucht gëtt.
Et gëtt och dobäi opgepasst, datt d'Usidelungen esou gestalt ginn, datt gemeinsam genotzten Ariichtunge wéi Schoulen, Fräizäitinfrastrukturen an Deponien fir vill Leit regional gutt zougänglech sinn. Et ass e Versuch fir déi iwwerméisseg Zentraliséierung op d'Stad Lëtzebuerg durch e Gesamtkonzept ze reduzéieren.
Et handelt sech hei déi éischte Kéier ëm en iwwerregionalt Konzept (fir d'Entwécklung vu Lëtzebuerg hisiichtlech dem Bebauen an och dem Transport - also eent, wat iwwer d'Decisioune vun den eenzelne Gemengen erausgeet).
Den IVL ass 1999 vum Inneminister Michel Wolter an Optrag gi ginn, mee et schaffen awer all Ministèren a Verwaltungen drun déi concernéiert sinn, wéi den Transportministère, de Ministère fir d'ëffentlech Bauten, den Ëmweltministère, de Wunnengsbauministère an d'Stroossebauverwaltung.
Den IVL ass vun dräi däitsche Büroe gemaach an 2003 virgestallt ginn:
- AlbertSpeet&Partner vu Frankfurt,
- Topp, Skoupil, Küchler
- L.A.U.B.
Den IVL gëtt d'Grondlag fir de Programme Directeur d'Aménagement du Territoire. No dësem sinn déi eenzel Gemengen ugehalen hir Bebauungspläng ze iwwerschaffen. Deementspriechend bestëmmt den IVL d'zoukënfteg Bebauung zu Lëtzebuerg vun den nächste Joerzéngten.