Jérôme Lulling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jérôme Lulling ass zu Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg) op d'Welt komm. No Primärschoul zu Bieles a Lycée zu Esch huet hien zu Montpellier Linguistik studéiert an 2002 mat engem Doktorat iwwer déi lexikalesch Kreativitéit an der Lëtzebuerger Sprooch ofgeschloss. Schonns an den 1990er huet hie probéiert, déi Lëtzebuerger Sprooch ze informatiséieren.
Hien ass Enseignant fir d'Lëtzebuergescht op den Universitéiten Tréier (2000-2006) an Namouer (2004- ) a fir d'Stad Lëtzebuerg (2006- ).
Zënter Dezember 2005 ass hie Member vum 'Comité d'experts de la Charte européenne des langues régionales ou minoritaires au titre du Luxembourg' am Conseil de l'Europe (2005-2011)
[Änneren] Aarbechten
- Auteur vun enger 'Thèse de doctorat sur la créativité lexicale en luxembourgeois' Université Paul Valéry Montpellier III (1998-2002)
- Auteur vun der Wierderlëscht fir deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht mat 125.000 Wuertformen (Projet Cortina 2000-2002)
- Co-Auteur vum lëtzebuergesch-franséischen online Dictionnaire Luxdico.com (2003) publizéiert bei den Editions Schortgen (2004, 2005)
- Supervisioun vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung vu Microsoft Windows an Office (2005, 2006)
- Auteur vun enger ganzer Rei vun Artikelen iwwer d'Informatisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.
- Iwwersetzer vun der Mickey Mouse "Dréift Waasser" (Europäescht Parlament, 2004)
- Auteur vum éischte lëtzebuergesche Computerspill Comboling (2002-2005)
[Änneren] Um Spaweck
- Internetsäit www.JeromeLulling.com Dem Jérôme Lulling seng offiziell Internetsäit (2001- )
- Jérôme Lulling TV op YouTube.com
- Luxdico.com online Iwwersetzungsdictionnaire mat 24.000 Wierder vu Lulling/Schanen (2003- )
- Projet C.ORT.IN.A éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht (2000-2002)
- Introduction à l'orthographe luxembourgeoise Lulling/Schanen (2003)
- Microsoft Windows an Office op Lëtzebuergesch (2006)
- "Eng Kleng Hëllef fir Lëtzebuergesch ze schreiwen" Co-Auteur Jérôme Lulling (02/2001)
- BD Dréift Waasser Rezensioun RTL mat PDF an anere Sproochen (2004)
- Informatisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch: Jérôme Lulling am LAND (12/2005)
- Gefahr oder Chance für das Luxemburgische? Pierre Mousel a Jérôme Lulling am 'Land' (2002)
- Réforme orthographique Quelques réflexions sur les modifications orthographiques (03/1999)
- Charte européenne des langues régionales ou minoritaires De Jérôme Lulling am Europarot (2005- )
- Comboling.com Computerspill entwéckelt vum J. Lulling (2002-2005)
[Änneren] Interviewen
- Lëtzebuergesch a seng Zukunft Radio 100komma7 (18/12/2006)
- Business mit dem Luxemburgischen Lieserbréif Lëtzebuerger Land (6/10/2006)
- Lëtzebuergesch: langue, dialecte, patois...? Le-Jeudi (18/05/2006)
- Traumsprache Luxemburgisch? Leserbrief Jérôme Lulling d'WORT (01/2006)
- SMS-Sprache Luxemburgisch Jérôme Lulling im Interview mit Fabienne Pirsch. Télécran Nr.31 (7/2005)
- Luxemburgisch ist eine kreative Sprache Jérôme Lulling Interview im Mariekalenner / PANORAMA (1/2005)
- TV Interview mam Jérôme an Astrid Lulling TangoTV Reportage iwwer de Luxdico (06/2004)
- Audio Interview Projet Cortina mam Jérôme Lulling um Radio100komma7 (2/2003)
- Lëtzebuergesch an der Universität Trier Interview Trierischer Volksfreund (03/2001)