Jackson Pollock
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Jackson Pollock, gebuer den 28. Januar 1912 zu Cody/Wyoming a gestuerwen den 11. August 1956 zu New York, war en US-amerikanesche Moler.
Hie war e Schüler vum amerikanesche Moler Thomas Hart Benton. Den Jackson Pollock huet fir d'éischt expressionistesch Landschaften a Figuren aus der Mythologie gemolt. Ëm d'Joer 1940 ass hien iwwer d'Zeechen a Symboler vun den Indianer an ënner dem Afloss vum Surrealismus vun den europäeschen Emigranten zu engem abstrakten a bewegte Styl iwwergaang.
Vun 1947 un huet hie mat neien Techniken experimentéiert an hien huet d'Drippingmethod (Erofdrëpselosse respektiv d'Sprëtze vun de Faarwen op eng horizontal Bildfläch). Doduerch gouf hien zum gefeierte Begrënner vum Action painting.
1951 huet hie schwaarz-wäiss Biller gemolt an hien ass zäitweis op déi klassesch Molweis mat dem Pinsel zréckkomm.
Hie koum bei engem Autosaccident ëm d'Liewen.