Jean-Charles Alphand
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Charles Adolphe Alphand gebuer 1817 a gestuerwen 1891 war en Ingenieur vu de Pont et Chaussées a Frankräich.
Ënner dem Napoléon III. , huet den Alphand bei der Renovatioun vu Paräis gehollef. Dës gouf deemools tëscht 1852 an 1870 vum Barong Haussmann dirigéiert, den Ingenieur Eugène Belgrand an de Gäertner Jean-Pierre Barillet-Deschamps hun och do dru matgeschafft..
[Änneren] Aarbechte vum Alphand
- Square du Temple,
- Avenue de l'Observatoire
- Gäert vun de Champs-Élysées,
- Parc Monceau,
- Boulevard Richard-Lenoir,
- Bois deVincennes,
- Parc Montsouris,
- Bois de Boulogne
- Parc des Buttes-Chaumont.
- Square des Batignolles
Dem Haussmann säin Nofolger de Léon Say gëtt dem Alphand d’Dirtektioun vun den Aarbechten an dëse fiert weider am Sënn vum Haussman ze schaffen, an nom Doud vum Belgrand iwwerhëlt hien och d’Direktioun vum Service des Eaux.
Hie war nach Mataarbechter bei :
- der Fortificatioun vu Paräis an de Forten baussent Paräis.
- dem Uleeë vum Jardin du Trocadéro, dee fir d’ Universalaustellung vun 1878 realiséiert gouf.
- de Virbereedunge fir d’ Universalausstellung vun 1889