Jean Asselborn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Asselborn (*27. Abrëll 1949 zu Stengefort) ass e lëtzebuergesche Politiker.
1967 hält de Jean Asselborn matt der Schoul op a geet an de Laboratoire vum PneuëproduzentUniroyal schaffen. Hien engagéiert sech fréi an der Gewerkschaftsbewegung a gëtt Représentant vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband.
1968, gëtt de Jean Asselborn Gemengebeamte vun der Stad Lëtzebuerg, an 1969 vun der Gemeng Stengefort.
1976 mécht de Jean Asselborn seng Première am Kolléisch an der Stad, op déi en sech an Owescoursën preparéiert huet. Hie schafft an der Verwaltung vum Stengeforter Spidol.
Hie schreift sech op der Uni zu Nanzeg an a mécht do 1981 eng Maîtrise a Privatrecht.
Tëschent 1982 an 2004 ass hie Buergermeeschter vu Stengefort.
1984 gëtt hien op der Lëscht vun der LSAP an d’Chamber gewielt an zënterhir erëmgewielt. 1989 gëtt hie Fraktiounspresident vun der LSAP an der Chamber, an 1997 Parteipresident.
Tëschent 1999 an 2004 ass de Jean Asselborn Vizepresident vun der Chamber. Hien ass och Member vum Comité vun de Regiounen a Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei.
Zënter dem 31. Juli 2004 ass de Jean Asselborn Vize-Premierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn.
De Jean Asselborn ass bestuet an huet 2 Kanner.