Jean Chacornac
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Jean Chacornac, gebuer den 21. Juni 1823 zu Lyon a gestuerwen den 23. September 1873 zu Lyon war en franséischen Astronom.
Hien huet geschafft an den Observatoiren zu Marseille a Paräis.
Hien huet verschidden héichwerteg Stärekaarten gemaach an huet fënnef Asteroiden, souwéi d’NGC-Objet mat der Nummer 1988 am Stärebild Taurus entdeckt.
Zu sengen Éieren gouf den Asteroid (1622) Chacornac an e Moundkrater no him benannt.