Jean Dondelinger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Dondelinger gebuer 1931, a gestuerwen den 21. Oktober 2004, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.
Hien huet säin Droitsstudium zu Nanzeg a Paräis mat engem Doktorat ofgeschloss an huet eng Lizenz fier Politologie vum St. Anthony's College zu Oxford.
1958 wiesselt e vu senger Affekotsetude an den Ausseministère, wou en Directeur adjoint fier international Wirtschaftsrelatioune gëtt.
Tëscht 1975 an 1984 war e Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Communautéit (der spéiderer Europäescher Unioun).
Dono gouf e Generolsekretär am Ausseministère.
Vun 1989 bis 1993 war en, ënnert der Presidence vum Jacques Delors, Member vun der Europäescher Commissioun ("Commissaire"), an do zoustänneg fier d'Dossierën Informatioun, Kommunikatioun, Kultur an Audiovisuell Medien.
Dono war de Jean Dondelinger Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Griicheland.