Jean Schaack
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Schaack (* 28. Mee 1895 zu Walfer, † 24. September 1959) war e lëtzebuergesche Moler.
1913, nom Ofschloss vun der Handwierkerschoul, studéiert de Jean Schaack op der Konschtakademie zu Stroossbuerg an zu München, a geet bei verschidde Moler an d'Léier. 1914 huet hien seng éischt Ausstellung am Cercle Artistique. An den 1920er Joren mécht hie laang Studiereesen an Italien, Südfrankräich, op Bruges an an d'Corse, vu wou e Landschaftsbiller mat erëmbréngt.
1926 ass hie mat bei deene Moler vun der Sezessioun, déi en neie Wand an dei lëtzebuergesch Konschtszeen bruecht hunn. 1930 kënnt en an de Cercle Artistique hannescht. Vun 1929 bis 1959 schafft hien als Konscht- an Zeecheprof am Secondaire, mee d'Molerei bleift seng Passioun.
1951 hat de Jean Schaack seng lescht Ausstellung am Cercle Artistique. Hien ass mat 64 Joer gestuerwen.
1984 war eng Retrospektiv an der Villa Vauban ze gesinn.