José van Dam
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De José van Dam (Joseph Van Damme) ass e belsche Bass-Baritonsänger. Hien ass de 25. August 1940 als Kand vun engem Zammermann zu Bréissel gebuer.
Musek huet hien am Conservatoire royal de Bruxelles studéiert. Hien war mat enger Lëtzebuergerin bestuet.
Seng Carrière fänkt richteg un am Joer 1961 an der Paräiser Oper mat enger Roll an der Oper Les Troyens vum Hector Berlioz.
1968 séngt hien um Festival vu Salzburg. Duerno ass hie Gaascht an de groussen Operenhaiser , ewéi an der Scala vu Mailand, der Metropolitan Opera zu New York. Hie séngt zu London, Wien a Paräis. Dertëschent ass en awer och a senger Gebuertsstad Bréissel am Théâtre de la Monnaie ze héieren.
Zu sengem Repertoire gehéieren d’Operen Boris Godounov, Falstaff, Figaros Hochzeit, Salome, Gianni Schichi, Il turco in Italia, Les Contes d'Hoffmann a La Bohème
Am August 1998 gouf hie vum belsche Kinnek Albert II fir seng Verdéngschter am Gesank zum Baron ernannt.
[Änneren] Filmer
- 1976 : Don Giovanni vum Joseph Losey
- 1988 : Le Maître de musique, vum Gérard Corbiau