Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais gëllt als eent vun de Meeschterwierker vun der franséischer Gotik.
Si ass dofir bekannt, dass hiert Mëttelschëff net fäerdeggebaut gouf, an, mat 47 m, deen héchste gotesche Chouer vun der Welt huet.
D'Kathedral vu Beauvais gouf vun 1248 un op der Plaz vun enger romanescher Kierch gebaut, déi virdrun ofgebrannt war. D'Bauhäre wollten nach méi héich bauen, wéi déi bis dohin héchste Kathedral, déi vun Amiens.
1284 ass d' Verwëllef vum Chouer iwwert dem Bauen zesummegefall. Doropshinn goufen d'Stäiler virsiichtshalwer verduebelt. Géint 1347 waren d'Schied esou wäit behuewen, mee den Honnertjärege Krich huet d'Aarbechte roue gelooss. Eréischt 150 Joer nom Chouer, tëscht 1500 a 1548 kunnt d'Queeschschëff (Transept) gebaut ginn. 1563 ass mam Bau vum mëttelsen Tuerm ugefaange ginn, deen 150 m héich war. Mee 1573, just 4 Joer, nodeems e fäerdech gebaut war, ass en an e Koup gefall. D'Suen, mat deenen en nees opgebaut gouf, hunn du gefeelt, fir d'Mëttelschëff fäerdeg ze bauen. Sou koum et, datt dat bis haut nach net fäerdeg gouf.