Kierch Saint-Martin vun Arel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' KierchSaint-Martin vun Arel gouf um Ufank vum 20. Joerhannort gebaut. De Grondstee gouf 1907 geluecht. De Bau war grad fäerdeg wéi den 1. Weltkrich1914 lass goung.
De Plang dervun hat den Architekt Van Gheluwe vun Namouer gemaach; no deem sengen Doud huet den Architekt De Noyette vu Ledeberg e ganz g'ännert. D'Gebai huet e schéine Schäin a geet op de Wonsch vum Kinnek Léopold II. zréck, dee beschten Androck ze maachen op d'Auslänner bei hirem Agank an d'Belsch.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschichtleches
Déi häiteg Kierch ass déi drëtt Kierch zu Arel déi de Numm vum Hl. Mäerten dréit.
[Änneren] Éischt Kierch
Déi éischt Kierch, deeër hire Bau bis an d'véiert Jorhonnert zréckgeet, stoung baussent de Mauerë vun Arel net wäit ewech vun der Quell vun der Semois an enger réimescher Sidlung (haut: rue des Thermes Romains).
Deemools huet Arel Orolaunum geheescht a louch op der Kräizung vun zwéi grousse Kiemen, de Kiem vu Reims op Tréier an dee vu Metz op Köln an Tongeren. Et gëtt ugeholl datt se am Ufank dem Hl.Markus oder dem Hl. Blasius geweit war.
Am Laf vun de Jorhonnertë gouf se e puer Mol ëmgebaut a vergréissert a gouf dann déi éischt Parkierch vun Arel déi dem Hl. Mäerten geweit war.
Dës Kierch gouf vun de franséischen Truppë vum Duc de Guise kuerz e kleng geschloen.
[Änneren] Zweet Kierch
Am Joer 1571 gouf déi zweet Mäerteskierch bannent de Festungsmaueren opgericht. Dofir gouf een alt Spidol vergréissert an ëmgebaut.
E grousst Feier am Joer 1660 huet dës Kierch deelweis zerstéiert a si ass eréischt géint 1681 nees opgeriicht ginn. Ee Joerhonnert méi spéit, 1785 huet erëm e Feier den Daach an de Klackentuerm zerstéiert. D'Hëtzt war sou grouss datt d'Klackë geschmolt sinn. Am 19. Jorhonnert gouf den Tuerm gehéicht an de Klackentuerm nei opgebaut.
An dëser Kierch goufe Massë bis 1914 gehalen,an tëscht 1935 an 1936 gouf se ofgerappt. Si stoung um Eck vun der haiteger Groussgaass an der Etienne Lenoir - Strooss.
Wéi d'Kierch ofgerappt gouf ass d'Portal dervu versuergt ginn, an um Fouss vun der Knippchen (St. Donat) opgeriicht ginn.
[Änneren] Drëtt Kierch
Déi drëtt Kierch, déi vun haut, gouf tëscht 1907 an 1914 um Schwentzy (plateau du Schwentzy) opgericht well déi al Kierch mat 22 op 10 m ze kleng gi war.
[Änneren] D' Kierch vu baussen
[Änneren] Den Tuerm
D'Gebai ass vum "ogivale" Stil, vum "gothique rayonnant", deem seng Originnen an dat 13. Joerhonnert zréckginn. Iwwer dem mächtegen Tuerm steet eng aachteckeg Spëtz aus bloem Steen, mat engem stenge (an net bronze) Kräiz. Den Tuerm huet eng Héicht vun 97 Meter.
[Änneren] Dat grousst Portal
Dat grousst Portal ass der Verherrlechung vum hellege Martin geweit, deen an der Mëtt als Statu als Bëschof steet. Den Tympanon erënnert un d'apostolescht Liewe vum hellege Martin.
[Änneren] D'Süd-Portal
D'Süd-Portal erzielt d'Liewe vum hellegen Haupert ,dem Schutzpatréiner vun den Ardennen. Den Typanon weist dem Haupert seng Bekéierung, wéi hien engem Hirsch mat engem Kräiz begéint ass. Op béide Säite vum Portal sti Statuë vum hellegen Adrian a vun der helleger Natalie, Patréiner vun enger aler lokaler Brudderschaft.
[Änneren] D'Nord-Portal
D'Nord-Portal erënnert un de Passage vum hellege Bernard, deen zu Arel gepriedegt an d'Mass gehalen huet. Op beede Säite stinn d'Statuë vum hellege Sebastian an der helleg Katharina, Patréiner vun ale Brudderschafte.
[Änneren] D'Kierch vu bannen
[Änneren] D'Form an d'Gréisst
Bannendran zeechent d'Kierch e laténgescht Kräiz amt enger flaacher Apsis. D'Dimensioune sinn enorm: 68,80 m laang, 35 m breet am Säiteschëff an 23 m héich ënner dem Verwëllef.
[Änneren] D'Mëttelschëff
Dräi Stäck mat grousse Béi maachen d' Mëttelschëff méi héich. Un den Ecksaile vum Säiteschëff si Skulpturen ze gesinn, déi un d'symbolesch Figure vun de véier Evangelisten erënneren: Mënsch, Léiw, Ochs an Adler.
[Änneren] Den Duxall
Um Duxall steet déi grouss an zwee gedeelten Uergel. En ass gestäipt vun engem Bou mat engem Gelänner mat engem Héichrelief vum Kinnek David an der Mëtt, deen Harf spillt, an ënnendrënner Engelen, déi Musek maachen.
[Änneren] D'Uergel
D'Uergel gouf 1932 vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntgen gebaut an 2001 vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer restauréiert.
[Änneren] De Priedegtstull
De Priedechtstull vun 1936 ass aus groem Marmer a staamt vum Skulpteur Durieu vun Tournai.
[Änneren] Fënster hanner dem Haaptaltor
[Änneren] D'Rous-Fënster
D' Rosett (Architektur) besteet aus fënnef konzentreschen Zonen an huet an der Mëtt e Medaillon aus Vermail op deen den Numm vu Jahwee op Hebräesch geschriwwe steet. Zwou Zone si mat Engele gerëscht. Déi baussenzecht weist déi 12 Zodiakzeechen.