Konservativ Partei (Groussbritannien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Konservativ Partei (offiziell Conservative and Unionist Party) ass eng politesch Partei a Groussbritannien. Mat 198 Sëtzer ass si déi zweetgréisste Partei am House of Commons, dem britesche Parlament (2007).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Allgemenges
D'Origine vun der Konservativer Partei ginn zreck op d'Tories, engem Grupp vun engleschen Aristokraten aus dem 17. Joerhonnert. Traditionell vertrëtt si am Allgemenge konservativ Standpunkten. Traditionnell geografesch Schwéierpunkte vun der Konservativer Partei leien an de ländleche Regioune vun England. Party Leader ass den David Cameron, deen am House of Commons den englesche Walkrees Witney (Oxfordshire) vertrëtt.
[Änneren] Politeschen Afloss
Nieft hieren 198 Deputéierten am House of Commons huet d'Konservativ Partei 17 Sëtz am Schottesche Parlament an 11 Sëtz an der National Assembly vu Wales. Am Europaparlament stellt si 27 vun den 78 briteschen Deputéierten, déi Member vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei an den Europäeschen Demokraten (EVP-ED) sinn.