Labour Partei (Groussbritannien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Labour Partei (offiziell Labour Party) ass eng politesch Partei a Groussbritannien. Mat 352 Sëtzer ass si déi gréisste Partei am House of Commons, dem britesche Parlament, a stellt de britesche Premierminister, am Moment den Tony Blair (2007).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Allgemenges
D'Partei ass um Enn vum 19. Joerhonnert aus dem Zesummeschloss vun enger Rei lenksgeriichtene politeschen a gewerkschaftlesche Beweegungen entstanen. Traditionell vertrëtt si am Allgemenge sozialdemokratesch Standpunkten. Allerdengs ass si, zanter den Tony Blair 1994 Party Leader ginn ass, méi no un de politeschen Zentrum geréckelt. Traditionnell geografesch Schwéierpunkte vun der Labour Partei leien an Groussstied an den industrielle Regiounen an Nord-England. Party Leader (a Premierminister vu Groussbritannien) ass am Moment den Tony Blair, deen am House of Commons den nordostenglesche Walkrees Sedgefield vertrëtt.
[Änneren] Politeschen Afloss
Nieft hieren 352 Deputéierten am House of Commons huet d'Labour Partei 50 Sëtz am Schottesche Parlament (wou si zesumme mat der Liberaldemokratescher Partei eng Koalitiounsregierung stellen) an 29 Sëtz an der National Assembly vu Wales, wou si eleng d'Regierung stellen. Am Europaparlament stellt si 19 vun den 78 briteschen Deputéierten, déi Member vun der Fraktioun vun den Europäesche Sozialdemokraten (PSE) sinn.