Kueb (Gebai)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kueb war de Spëtznumm, ënnert deem e Bauprojet zu Lëtzebuerg Enn vun den 1970er Joren allgemeng bekannt war.
Et war dëst e Projet vun engem Gebai fir d'Europäescht Parlament, dat hätt sollen um Kierchbierg, no bei den Dräi Eechelen, gebaut ginn. Zu deër Zäit war Diskussioun ëm de Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen voll am Gaang, a Lëtzebuerg wollt säin Zécken aus den CECA-Zäiten nees guttmaachen, andeems e monumentale Büroskomplex mat engem Plenarsall fir d'Parlament sollt gebaut ginn.
Dem franséischen Architekt Roger Taillibert säi Projet Centre 300 gouf zeréckgehalen. Wéinst senger Form - engem ovoide Plenarsall mat drun ugebaut en no uewe geschwongenen 142 Meter héigen Tuerm, deen e bëssen engem Villche mat laange Schwanzfiedere geglach huet - krut de Projet séier de Spëtznumm Kueb.
E war vun Ufank u kontrovers: ze grouss, ze deier, e giff d'Silhouett vun der Stad verschampléieren, waren déi heefegst Kritiken. No laangen Diskussiounen huet d'Regierung Thorn-Berg decidéiert, de Projet net weiderzeféieren. E Plenarsall gouf awer trotzdeem gebaut - e gouf Klenge Kueb genannt, och, wann d'Form heivunner absolut näischt mat engem Kueb ze dinn huet - deen haut nach um Fouss vum Héichhaus um Kierchbierg steet.
D'Europäescht Parlament ass iwregens just ganzer véier Mol, tëscht Juni 1980 a Februar 1981, doranner zesummekomm.