Léon Kauffmann
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Léon Kauffmann (* 16. August 1869 an der Stad Lëtzebuerg, †25. Mäerz 1952 och do) war e lëtzebuergesche Politiker.
[Änneren] Säi Liewen
De Léon Kauffmann gouf 1910 Direkter vun der Steierverwaltung. Vun 1915 bis 1945 war hie Member vum Staatsrot. 1916 gouf hie Generaldirekter (d.h. Minister) vun de Finanzen (bis 1918).
1917 kënnt et zu enger Kris vun der Regierung Thorn, ënnert anerem, well d'Chamber dem Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Vertrauen entzunn hat. Den 19. Juni 1917 stellt de Léon Kauffmann eng Riets-Liberal Regierung zesummen, an deer hie Staatsminister, Aussen- a Finanzminister war.
Ënnert dëser Regierung gouf d'Ännerung vun der Lëtzebuerger Constitutioun an d'Weeër geleet, déi ënner annerem d'allgemengt Wahlrecht aféiere sollt. Dobäi koum et awer zu Reiwereien, well d'Regierung gezéckt huet, wéi vun der Chamber gewollt, d'Origine vun der souveräner Muecht "an der Natioun" z'etabléieren, amplaz, wéi bis dohinner, "an der Persoun vum Grand-Duc". Wéi dann och nach bekannt gouf, datt de Premierminister bei enger Privatvisite vum däitsche Kanzler bei der Groussherzogin Marie-Adélaïde dobäi war, kënnt et zu enger Ëmbildung vun der Regierung. De Léon Kauffmann ass den 28. September 1918 als Premierminister zeréckgetrueden.
Vun 1923 bis 1952 war de Léon Kauffmann President vum Verwaltungsrot vun der Banque internationale à Luxembourg. 1945 gouf hie President vum Staatsrot. Hien ass 1952 an der Stad gestuerwen.
Hie war bestuet mam Madeleine Joséphine Franck.