Lambert Schaus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lambert Schaus, gebuer den 18. Januar 1908 zu Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 10. August 1976, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker (CSV).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng Carrière
- De Lambert Schaus huet Droit studéiert, haaptsächlech zu Paräis
- Virun 1940 war de Lambert Schaus schonns Member vum Lëtzebuerger Gemengerot an huet sech intensiv fir lokal Interessen agesat
- Am Zweete Weltkrich gouf de Lambert Schaus wéint sengem Refus, fir der däitscher Affekotenassoziatioun bäizetrieden, vum Okkupant verhaft a koum a verschidden Aarbechtslager.
- 1945-1946: Affekot um Barreau
- 1945-1946: Deputéierten
- 1946-1947: Minister fir Wirtschaft an Handel
- 1947-1948: Minister fir Wirtschaft, Arméiminister
- 1948-1953: Member vum Staatsrot
- 1953-1973: Ambassadeur zu Bréissel
- 1958-1967: Member vun der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Transport, Landwiertschaft a Bannemart
[Änneren] Publikatiounen
- Schaus, Lambert: Lidder aus dem Exil
- Schaus, Lambert: "L'esprit des traités", am Luxemburger Wort. 26.03.1957, n° 85;
- Schaus, Lambert: Le Benelux devant le Marché commun, Exposé um XIe Congrès économique Benelux à Maastricht, 15 Juni 1957. Luxembourg: [s.d.], p. 3-15
- Becker, Camille, Fernand Braun, Jacques Dousset, Henri Etienne, Gust Graas, Michel Molitor, John Peters, Adrien Ries & Wolfgang Stabenow (éds.), 1977. - Lambert Schaus : Luxembourg, Belgique, Europe. 180 p., Impr. Saint-Paul, Luxembourg.