Ligue communiste révolutionnaire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Ligue communiste révolutionnaire (LCR) war eng lëtzebuergesch politesch Vereenegung, déi sech als trotzkistesch verstanen huet.
Aus verschiddenen, net u politesch Parteien ugebonne, Gruppen huet sech Enn de 60er Joren eng Grupp erausgeschielt, déi 1970 d'LCR gegrënnt hunn. De "Virsëtzenden" war de Marc Henri Reckinger, deen déi Zäit Zeecheprofesser am Escher Jongelycée war. 1985 huet den LCR sech en neien Numm ginn; Revolutionär Sozialistesch Partei (RSP).