Lordi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lordi | |
---|---|
Grënnung: | 1992 |
Genre: | Hard Rock |
Website: | http://www.lordi.org/ |
Grënnungsmemberen | |
Gesank: | „Lordi“ Tomi Putaansuu |
Fréier Memberen | |
E-Bass: | Magnum (1998–2002) |
E-Bass: | „Kalma“ (Pekka Tarvanen) (2002–2005) |
Keyboard: | „Enary“ (Erna Siikavirta) (1997–2005) |
Aktuell Memberen | |
Gesank: | „Lordi“ Tomi Putaansuu |
Battrie / Backing Vocal: | „Kita“ (Sampsa Astala) (zënter 1998) |
E-Gittar: | „Amen“ (Jussi Sydänmaa) (zënter 1996) |
Bassgittar: | „Ox“ (Samer el Nahhal) (zënter 2005) |
Keyboard: | „Awa“ (Leena Peisa) (zënter 2005) |
Lordi ass eng finnesch Hard Rock-Band, déi 1992 gegrënnt gouf. Se ass wéint hiren ongewéinleche Monster-Kostümer an hirer aussergewéinlecher Bühneshow bekannt.
Hir Musék erënnert un traditionell Hard Rock-Bands wéi z.B. Kiss, Twisted Sister, Accept, Zodiac Mindwarp, W.A.S.P. oder Alice Cooper, gemëscht mat modernen Elementer, wéi elektronesch Kläng. Hir Kostümer erënneren un d'amerikanesch Band Gwar.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Aktuell Memberen
Lordi (* 15. Februar 1974 zu Rovaniemi) ass de Sänger a Grënner vun der no him genannter Band. Mat aacht Joer huet en ugefaange Gitarr, Bassgitarr a Batterie ze léieren an d'Musek vun der Band Kiss ze lauschteren. Hie war duerno de President vum finnësche Kiss-Fanclub, derKISS Army. Hien ass e Fan vum Hard Rock aus den 80er Joren, wouduerch sech de Musekstil vu senger Band erkläre léist. De Lordi huet sech selwer zum Make-Up- a Special-Effect-Kënschtler ausgebilt. Do versteet ee dann och, datt hien d'Kostümer vu senge Bandmembere selwer entworf huet. Säin eegene Kostüm huet Fliedermaus-Flilléken, déi sech ausklappe loossen a 20 cm héich Plateausschung. De fréiere Schoulmeeschter ass zënter Ufank August 2006 mat der véier Joer méi jonker Johanna Askola bestued, dat d'Fonktioun vu senger perséinlecher Assistentin huet.
Amen ass de Gitarrist vun der Band an ass zënter 1996 dobäi. Hie verkierpert eng Mumie. Säi Kostüm huet ugaangs nëmmen aus einfache Bandage bestane, bis dës am Joer 2006 duerch méi en effektvolle Kostüm ausgetosch goufen, deen hie wéi e Pharao ausgesi léist, dee nees operstaanen ass.
Awa ass d'Keyboarderin vu Lordi an déi eenzeg Fra an der Band. Hatt ass zënter Hierscht 2005 dobäi an ersetzt de fréiere Member Enary. Mat fënnef Joer huet et scho Pianospille geléiert war schon a ville Bands Member. Esou huet et schon an der Esperantosproocheger Band Dolchamar gesongen a gespillt.
Kita ass de Batteur a stellt en ausserierdescht Monster duer. Hien ass 1998 bei Lordi komm an ass zousätzlech fir den Hannergrondgesang verantwortlech. Säin Numm bedeit iwwersat "der Rachen". De Kita ass, entgéint de Reprochen, e wier Satanist, e bekennende Chrëscht.
Ox ass de Bassist vu Lordi an zënter Oktober 2005 bei der Band. Ugaangs huet e mam fréiere Member Kalma trainéiert, éier hien deem seng Plaz iwwerholl huet. Am Januar 2006 huet en da fir déi éischte Kéier mat der Band op der Bühn gespillt.
[Änneren] Gewënner vum Eurovision Song Contest 2006
Am Mäerz 2006 huet Lordi beim finnësche Virentscheed fir den Eurovision Song Contest 2006 deelgeholl. An der éischter Ronn, déi den 13. Januar war, huet d'Publikum fir d'éischt ee vu jeweils zwee Titelen vun den zwielef Virentscheeddeelhueler gewielt, mat deem déi jeweileg Grupp dann an der zweeter Ronn géint d'gewielte Titele vun den anere Deelhueler ugetruede sinn.
Lordi ass mat den Titelen Hard Rock Hallelujah a "Bringing Back The Balls To Rick" an der éischter vu véier Semifinalen ugetrueden. Ënnerstëtzt gouf d'Grupp dobäi vum Leadsänger vun den Thunderstones, dem Pasi Rantanen, dee bei béide Songs Background-Vocals bäigesteiert huet. Eng knapp Majoritéit vun de Finnen huet sech fir den éischten Titel decidéiert, dee duerno och déi éischt Singleauskopplung vum Album The Arockalyse sollt ginn.
An der Finale vum finnësche Virentscheed den 10. März 2006 konnt sech Lordi mat 42,2% vun de Stëmme géint eelef Matbewerber duerchsetzen.
Domadden hu se Finnland an der Semifinall zu Athen den 18. Mee 2006 vertrueden. Do konnte se sech als ee vun zéng Beitreeg fir d'Finall qualifizéieren, wou se schlussendlech mat der Startnummer 17 opgetruede sinn.
Lordi huet den 20. Mee 2006 den Eurovision Song Contest 2006 mat 292 Punkte gewonnen. Domadder hunn se den Dima Bilan aus Russland (248 Punkten) an Hari Mata Hari aus Bosnien-Herzegowina (229 Punkten) mat 44 resp. 63 Punkte Virsprong iwwerholl. Mat dësem Erfolleg huet Lordi fir déi éischt finnësch Victoire beim Eurovision Song Contest gesuergt. Dëse Gewënn huet Finnland vu sengem aale Trauma erléisst, als eent vun de poetëschste Volleker vun Europa permanent ënnerbewert ze ginn.
Wéi no der Finall verëffentlecht gouf, huet Lordi d'Semifinall och mat 292 Punkte viru Bosnien-Herzegowina (267 Punkten) an Russland (217 Punkte) gewonnen.
[Änneren] Kritik am Virfeld
No hirer Victoire bei der Virentscheedung an nach méi no hirem Erfolleg an der Semifinall vun der Eurovisioun gouf Lordi Géigestand vun der ëffentlecher Kritik. Virun allem Kierchemembere kritiséierten d'Band a behaapten, Lordi giff de [[Satanismus|satanistësche Glaawe verbreeden. D'finnësch Presidentin Tarja Halonen gouf suguer opgefuerdert, am plaz vu Lordi eng klassesch finnësch Folk-Band op Athen ze schécken. D'Kritiker konnten dëss Virwërf awer net duerch d'Texter vun der Band beweisen.
[Änneren] Kritik nom Gewënn
D'haaptsächlech Kritik huet sech awer géint den effekträiche Bühnenoptrëtt vun der Band geriicht. Mat hiren opwendege Bühnekostümer a pyrotechneschen Effekter hätten se d'Nokucker beandrockt, am plaz sech op hir musikalesch Qualitéiten ze verloossen. Et gouf hinne virun allem vun däitsche Schlager-Fans ënnerstallt, de Song Contest zerstéiert ze hunn, an deems se méi Wert op Show wéi op Musek geluecht hätten.
[Änneren] Diskografie
Alben:
|
Singles & EPs:
|
Musikvideoën
|
[Änneren] DVD
- 2006 - Market Square Massacre (Live-Matschnëtt vum "Homecoming"-Concert op der Maartplaz vun Helsinki, Doku iwwert de Song Contest, "The Kin")
[Änneren] Gielercher
- 2003: Emma fir dat Bescht Hard Rock/Metal-Album (Get Heavy) - die Emma ass de wichtegste finnësche Musikpräis, vergläichbar mam däitschen ECHO
- 2006: Gewonne beim Eurovision Song Contest mam Lidd „Hard Rock Hallelujah“
- 2006: ESC Radio Award 2006 fir déi bescht Grupp
[Änneren] Weblinks
Commons: Lordi – Biller, Videoen oder Audiodateien |