Louis-Charles-Auguste Fouquet de Belle-Isle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Louis-Charles-Auguste Fouquet de Belle-Isle, gebuer den 22. September 1684 zu Villefranche-de-Rouergue a gestuerwen den 26. Januar 1761 zu Versailles, wor e franséische Generol a Maréchal de France.
De Grof a spéidere Marquis vu Belle-Isle wor en Enkel vum Intendant Fouquet.
Hie kämpft aus éischt an Italien a kritt 1705 en Dragonerregiment, mat deem en 1706 un der Schluecht vun Turin deelhëlt, ka sech 1708 bei der Belagerung vu Lille auszeechnen, begleet 1714 de Villars op Rastatt a kritt duerno de Gouvernement vun Huningue.
Nom Spueneschen Ierffollegkrich léisst den Herzog vun Orléans hien an der Bastille aspären, mee net fir laang, a wéi hien nees fräi kënnt, kann hien d'Vertraue vum Fleury gewannen, a gëtt 1731 Lieutenant général a 1733 Gouverneur vu Metz.
Am Polneschen Ierffollegkrich eruewert de Belle-Isle Tréier, verdeedegt Philippsbourg géint den Eugène vu Savoie-Carignan an huet en Deel zum Fridde vun 1735 bäigedroen.
Nodeems hie Maréchal de France gëtt, ass hien ee vun den Haaptgéigner vun der Pragmatescher Sanktioun an schwätzt sech däitlech fir e Krich géint Éisträich aus. Sou huet hien dann och d'Allianze mat Spunien, Bayern, Preisen, Kurpfalz a Köln erméiglecht, an huet Stëmme gesammelt vun de Kurfürste vu Preisen a vu Sachsen (1741) fir de Kurfürst vu Bayern bei senger Wahl zum däitsche Keeser z'ënnerstëtzen.
Am Éisträicheschen Ierffollegkrich wor hien un der Spëtzt vun enger franséischer Arméi duerch Däitschland ënnerwee a stiermt de 26. November 1741 Prag. Am Januar 1742 ass hien als Plenipotentiare vu Frankräich zu Frankfurt derbäi, wéi den Karl Albrecht vu Bayern zum Keeser gekréint gëtt.
Problemer ruffen hien a Béimen zeréck. Nodeems d'Sachsen an d'Preussen nees heemgaange sinn, goufen de Belle-Isle an den de Broglie vun Éisträich ugegraff, an hu schlussendlech Prag nees misse verloossen.
Fir Preisen an d'Allianz géint Éisträich ze kréien, reest hien op Berlin, gëtt awer 1744 zu Elbingerode mat sengem Brudder vun engem Beamten vun Hannover verhaft an an England transportéiert. 1746 gëtt hien zum Uewerbefehlshaber an der Provence ernannt, an zwéngt den éisträicheschen General Browne, d'Belagerung vun Antibes opzehiewen. Nom Traité vun Oochen gëtt de Belle-Isle Pair vu Frankräich, a kritt eng Plaz an der Académie française.
Als Feind vum éisträicheschen Haus versicht hien 1756 d'Allianz tëscht Éisträich a Preisen ze verhënneren, wat him awer net geléngt. Zanter 1757 Krichsminister, investéiert hie vill Zäit fir d'Militärschoulen ze erweideren an e gerecht Befërderungssystem anzeféieren. Kuerz viru sengem Doud grënnt hien d'Akademie vun de Wëssenschaften zu Metz.
De Belle-Isle stierft de 26. Januar 1761.
Säi Brudder, de Louis-Charles-Armand Fouquet de Belle-Isle, bekannt als Chevalier de Belle-Isle, huet och eng militäresch an diplomatesch Carrière ageschloen. Hie stierft den 19. Juli 1746 bei der Schluecht vum Col de l'Assiette.