Karl VII. (HRR)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Karl VII. 6. August 1697 – 20. Januar 1745 |
||||||
Keeser vum Hellege Réimesche Räich | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Karl Albrecht vu Bayern gebuer de 6. August 1697 zu Bréissel, a gestuerwen den 20. Januar 1745 zu München war ënnert dem Numm Karl VII. Keeser vum Hellege Réimesche Räich als zweete Wittelsbacher nom Ludwig IV. Hie war och Kurfürst vu Bayern.
De Karl Albrecht koum zu Bréissel als Jong vum bayresche Kurfürst Maximilian II. Emmanuel an der Therese Kunigunde, Duechter vum polnesche Kinnek Johann III. Sobieski, op d'Welt. 1701 koum d'Famill vu Bréissel nees op München zeréck. 1706 goufen de Karl Albrecht a seng Bridder op Unuerdnung vum Keeser Joseph I. op Klagenfurt a spéider 1711 op Graz bruecht, fir do hier Educatioun ze kréien. Während dem Spueneschen Ierffollegkrich waren d'Elteren allerdings am Exil, de Papp zu Paräis (bis 1715), an d'Mamm zu Venedeg. Nom Krich ass d'ganz Famill nees a Bayern gaangen. De Karl Albrecht huet sech oft um Haff zu Wien opgehal, an huet do och seng Fra kennegeléiert, d'Maria Amalia, Duechter vum Keeser Joseph I. Bestued goufe si de 5. Oktober 1722. Spéider ass de Karl Albrecht duerch Frankräich gereest, war bei der Hochzäit vum Louis XV. derbäi a konnt Kontakter zu Versailles knäppen.
Nom Doud vu sengem Papp ass de Karl Albrecht de 25. Februar 1726 Kurfürst vu Bayern ginn. Seng Politik war engersäits "Habsburgerfrëndlech" mee anerersäits huet hien och nie aus den Ae verluer, eemol d'däitsch Keeserkroun kënnen ze droen.
Nom Doud vum Keeser Karl VI. gouf et kee männlechen Nokomme méi op Habsburger Säit. D'Pragmatesch Sanktioun hat als Ierwin d'Maria Theresia, Duechter vum Karl VI., virgesinn. Op dës weiblech Ierffolleg déi zanter dem Privilegium Minus bestanen huet, konnt sech awer och de Karl Albrecht duerch säi Bestiednis beruffen. Sou koum et zum Éisträicheschen Ierffollegkrich. Bayern hat als Alliéiert d'Fransousen, mee konnten hier Lännereien awer net verdeedegen. Den 12. Februar 1742 gouf de Karl Albrecht zwar zum Keeser gekréint, mee an der Tëschenzäit hat Éisträich mat Preisen e Waffestëllstand ausgehandelt, a war puer Deeg no der Kréinung mat enger Arméi zu München.
De Keeser Karl ass nach während dem Krich gestuerwen, den 20. Januar 1745. De Fridde gouf vu sengem Nofolger Maximilian geschloss, a Bayern muss d'éisträichesch Suprematie unerkennen.
[Änneren] Famill
Mat der Maria Amalie vun Éisträich hat de Karl Albrecht 7 Kanner:
- Maximiliane Maria († 12. Abrëll 1723)
- Maria Antonia Walburgis (1724-1780), bestued mam spéidere Kurfürt Friedrich Christian vu Sachsen
- Theresia Benedicte (6. Dezember 1725 - 29. Mäerz 1743)
- Maximilian III. Joseph vu Bayern (1727-1777), Herzog vu Bayern
- Joseph Ludwig (25. August 1728 - 2. Dezember 1733)
- Maria Anna Josepha (7. August 1734 - 7. Mee 1776), bestued mam Ludwig Georg Simpert vu Baden
- Maria Josepha Antonia (1739-1767) bestued mam Keeser Joseph II.
Mat der Charlotte Sophie vun Ingenheim hat hien ee Bouf:
- Franz Ludwig Grof vun Holnstein (1723-1780), bestued mat der Anna Marie zu Löwenfeld (†1783), Duechter vum Äerzbëschof vu Köln Clemens August I. vu Bayern
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
Virgänger: Karl VI. |
Keeser vum HRR 1742 - 1745 |
Nofolger: Franz I. |
Virgänger: Karl VI. |
Kinnek vu Béimen 1741 - 1743 |
Nofolger: Maria Theresia |
Virgänger: Maximilian II. Emmanuel |
Kurfürst vu Bayern 1726 - 1745 |
Nofolger: Maximilian III. Joseph |