Lucien Lux
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lucien Lux (*13. September 1956 zu Ëlwen) ass e lëtzebuergesche Politiker.
De Lucien Lux schafft fir d’éischt op der Eisebunn, a gëtt 1978 Gewerkschaftssekrétär vum OGB-L. Vun 1989 bis 2004 ass hien, an der LSAP-Fractioun, Deputéierten an der Chamber.
Vun 1988 un ass de Lucien Lux Buergemeeschter vu Beetebuerg. Hie gëtt 2002 zum Generalsekretär vun der LSAP gewielt.
An der Regierung Juncker-Asselborn, déi den 31. Juli 2004 hir Fonctiounen iwwerholl huet, ass de Lucien Lux Ëmweltminister an Transportminister.
De Lucien Lux ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.