Lucien Van Impe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lucien Van Impe gebuer den 20. Oktober 1946 zu Mere an Ostflandern ass e belsche Vëlosportler. De Van Impe war e Biergspezialist an ass am ganze 15 Mol den Tour de France gefuer, huet en och 1976 ënner der Direktioun vum Cyrille Guimard gewonnen, a war 9 Mol ënner de 6 Éischten.
Hie war Profi vun 1969 bis 1987 wéi en am Alter vun 41 Joer de 15. Oktober de Vëlo un de Nol gehang huet.
Säi Brudder Frank gebuer den 1. Juni 1955 war och professionelle Vëlosportler.
[Änneren] Palmares
- Challenge Yellow (Sédis): 1976
- Tour de France: 1976 (2.: 1981; 3.: 1971, 1975, 1977) (Beschte Grimpeur: 1971, 1972, 1975, 1977, 1981, 1983)
- Belsch Landesmeeschterschaft op der Strooss: 1983
- Tour de l'Aude: 1975
- Tour de Valle Mineros: 1983
- Polymultipliée: 1976
- Grand Prix de Sérénac: 1977
- Grand Prix d'Assenede: 1979
- Grand Prix de Mere: 1983, 1987
- 9 Etappe vum Tour de France
- Beschte Grimpeur am Giro d'Italia : 1982, 1983, 1984
- 2. vum Tour de Suisse : 1977