Luxor-Tempel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Luxor-Tempel läit direkt um Ufer vum Nil vu Luxor an Egypten.
E gouf vum Amenophis III. an dem Ramses II. erbaut an der Triad vun Theben geweiht. Zu der Triad geheieren d'Gëtter Amun, Chons a Mut.
Virun der Entrée stinn zwou Statuen vum Ramses II. Zwou vu sechs Statuen sinn nach just erhaalen.
Vun denen zwee Obilisken déi do stungen, ass elo nach just een do. Den aneren steet zu Paräis op der Place de la Concorde a war e Kado vum Muhammad Ali u Frankräich am Joer 1836.
Bei d'Entrée féiert e Wee, laanscht deen Figuren aus Stee stinn. Dës Figuren stelle Widdersphingen duer, déi fréier di zwee Tempelen Luxor a Karnak matenee verbonnen hunn.
D'Entrée selwer, de Phylon, besteet aus zwou décken an héije Maueren. Dës weisen Kadesch-Schluecht géint d'Hethiter.
Hannert der Entrée läit den Haff vum Ramses II. Am östlechen Deel steet d'Moschee vum Abul Haggag, e Scheich aus dem 11./12. Joerhonnert.
All Joer fir Neijoersdag gëtt hei d'Opet-Fest gefeiert.