Egypten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
National Devise: keng | ||||
Offiziell Sprooch | Arabesch | |||
Aner Sproochen | Englesch, Franséisch | |||
Haaptstad a gréisste Stad | Kairo | |||
President | Hosni Mubarak | |||
Premierminister | Ahmed Nazif | |||
Fläch - Total - % Waasser |
Op 29. Plaz 1.002.000 km2 0.6% |
|||
Bevëlkerung - Total (2003) - Bevëlkerungsdicht |
Op 15. Plaz 74.718.797 75/km² |
|||
Onofhängegkeet - Akkzeptéiert |
vu Groussbritannien 28. Februar 1922 |
|||
Währung | Ägyptescht Pond (LE/£E/EGP) | |||
Zäitzone | UTC +2 (EET) | |||
Nationalhymn | Bilady | |||
Internet TLD | .eg | |||
International Virwahl | 20 |
D'Arabesch Republik vun Egypten, op Arabesch مصر, läit an Nordostafrika. D'Hallefinsel Sinai, déi zu Egypte gehéiert, gëtt am allgemenge schonn zu Asie gezielt. D'Land grenzt un d'Mëttelmier, d'Rout Mier (Golf vun Aqaba), de Gaza-Sträifen, Israel, Libyen an de Sudan. D'Landfläch vun Egypte besteet am wesentlechen aus der Stroumoas vum Nil souwéi der Libescher Wüst am Westen a Süden, an am Osten aus der arabescher Wüst. Egypte gëtt zu de Maschrek-Staate gezielt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
De landschaftleche Charakter vun Egypten ass geprägt vum Géigesaz tëschent de Wüstegebidder an dem dicht bewunnten a bewässerte Land ronderëm den Nil. Dës Landfläch mécht zirka 5% vum Territoire aus.
Am Weste vun Egypte läit d'Libesch Wüst, déi ronn zwee Drëttel vun der Staatsfläch anhëlt. Am Norde vun dëser Wüst läit den zimlech niddreg geglidderte Libesche Plateau, deen an Egypte bis zu 241 m héich gëtt. Südëstlech vun dësem Gebitt fält den Terrain an op knapp 134 m ënnert dem Mieresspigel erof, am Südwesten hiewt en sech bis op 1.098 m héich erop. Am Oste vun Egypten, wou d'Arabesch Wüst läit, ginn d'Bierger bis zu 2.184 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass de Gabal Katrîna (Katharinebierg) an de Gabal at- Bierger mat 2.637 m. Dës Bierger befanne sech op der Hallefinsel Sinai am Nordoste vum Land a sinn duerch de Sueskanal vum afrikanesche Festland getrennt. De Mëtteldeel vum Land ass am Duerchschnëtt ëm déi 500 m héich.
Tëscht d'Wüsten duerch fléisst den Nil, deem säi Quellfloss, Kagera, am Biergland vu Burundi läit. Den Nil leeft op ronn 1.550 km an Egypte vu Süden no Norden, ier en, nodeems en duerch d'Nildelta, wat 24.000 km² grouss ass, an d'Mëttelmier fléisst. Ronn 100 km südwestlech vu Kairo läit de Fayyum Baséng, deen 1.827 km² grouss ass, an eng baséng-arteg Oaselandschaft ass, an deeër hirem Norddeel den 230 km² grousse Qarun-Séi läit.
D'Küste leien am Norden zum Mëttelmier, am Osten zum Roude Mier, a sinn duerch de Sueskanal matenee verbonnen.
[Änneren] Klima
Am Nildelta an un der Mëttelmierküst herrscht e mediterrant Klima, am Wanter ginn d'Temperaturen erof, an et reent. De Rescht vum Land läit ënnert dem Wüsteklima: Waarm an dréchen am Summer, mëll am Wanter, ouni wierklech ernimmenswäerten Néierschlag a mat laangen Drécheperioden.
[Änneren] Geschicht
Den Ufank vun der egyptescher Zivilisatioun läit ongeféier 7.000 Joer zeréck an der Vergaangenheet. D'egyptesch Geschicht gëtt a vill Epochen ënnerdeelt:
- Virdynastesch Zäit bis 3.150 v. Chr.
- Pharaonenzäit (Aalt Egypten)
- Fréidynastesch Zäit 3032 - 2707 v. Chr.
- Aalt Räich 2707 - 2216 v. Chr.
- Éischt Tëschenzäit 2216 - 2025 v. Chr.
- Mëttelt Räich 2010 - 1793 v. Chr.
- Zweet Tëschenzäit 1648 - 1550 v. Chr.
- Neit Räich 1531 - 1075 v. Chr.
- Drëtt Tëschenzäit 1075 - 652 v. Chr.
- Spéitzäit 652 - 332 v. Chr.
- Griichesch-Réimesch Zäit 332 v. Chr. - 395
- Byzantinesch Zäit 395 - 638
- Fréiislamesch Zäit 640 - 968
- Fatimidenzäit 969 - 1171
- Ayyubidenzäit 1171 - 1250
- Mamlukenzäit 1250 - 1517
- Osmanenherrschaft an Egypten 1517 - 1801
- Egyptesch Expeditioun 1798 - 1802
- Dynastie vum Muhammad Ali 1805 - 1882
- Britesch Herrschaft an Egypten 1892 - 15. Mäerz 1922
- Kinnekräich Egypten 19. Abrëll 1922 - Juli 1952
- Republik Egypten zënter Juli 1953
Speziell d'Andeelung vun de geschichtleche Perioden an der virchrëschtlecher Zäit geet op de Manetho zeréck, deen d'Herrscherlëschte vum alen Egypte bis zum leschte Pharao an 30 Dynastien agedeelt hat.
Kuckt dozou och den Haaptartikel: Geschicht vum Alen Egypten
Aus der alegyptescher Kultur si bis haut nach eng Rei vu Bauwierker erhalen. Zu de bekanntesten zielen d'Pyramide vu Gizeh, si sinn dat eenzegt vun de Siiwe Weltwonner wat nach erhalen ass.
A spéiderer Zäit goufe chrëschtlech Kierchen a Kléischter gebaut. Dat bekannteste Klouschter läit op der Hallefinsel Sinai, d'Katharineklouschter. Déi meeschte Moscheen déi an islamescher Zäit gebaut goufe, stinn zu Kairo. Déi bedeitendst vun dëse Moscheen ass wuel d'Al-Azhar-Moschee, déi zu der Universitéit gehéiert.
[Änneren] Politik
Kuckt och: Politische System vun Egypten
Egypten ass zënter dem 18. Juni 1953 eng Republik. De Staatschef ass zënter dem 14. Oktober 1981 de Muhammad Husni Mubarak, dee gläichzäiteg och de Leader vun der Nationaldemokratescher Partei ass. All sechs Joer kënnt et zu engem Referendum iwwert d'Wahl vun engem Presidentschaftskandidat, dee vum Parlament virgeschloë gëtt. Laut enger Ukënnegung vum Mubarak vum 26. Februar 2005 sollen dorausser awer an Zukunft fräi Wahle mat méi Kandidate ginn. Déi lescht Wahlen (2000) fir déi 454 Sëtzer vum "Rot vum Vollék" (10 Sëtzer gi vum President verginn) huet d'NDP mat 86% gewonnen, duerno koumen d'Onofhängeg (dorënner Kandidate vun der Muslimbrudderschaft) mat 8%, d'Nei Wafd-Partei (NWP) mat 2%, d'Nationalprogressiv Gewerkschaftsvereenegung Al-Tagammu‘ (NPUG) mat 1% an d'Nasseristesch Partei souwéi d'Liberal Partei mat manner wéi 1%.
De President ass den Uewerbefehlshaber vun den Truppen, an huet d'Recht d'Dekreten z'erloossen. D'Legislativorgan fir hien ze beroden ass d'Schura. Haaptquell vun der Gesetzgebung ass d'Scharia. E Konstitutiounsgeriicht iwwerwaacht d'konstitutionnell Uerdnung.
Kritiker bemierken, dass de Mubarak zënter Joerzéngte per Noutstandsgesetz regéiert. Hie ging iwwert e pseudodemokratesche System herrschen. Si soen, dass Wahlen deelweis gefälscht oder geréckelt goufen, a verschidden Oppositionneler no Schäiprozesser am Prisong geland sinn.
[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen
Egypten ass a 26 Gouvernorater (arabesch محافظات muhāfazāt, Singular محافظة muhāfaza) ënnerdeelt:
- Daqahliyya (الدقهلية ad-Daqahliyya)
- Rout Mier (البحر الأحمر al-Bahr al-ahmar)
- Buhaira (البحيرة al-Buhaira)
- Fayyum (الفيوم al-Fayyūm)
- Gharbiyya (الغربية al-Gharbiyya)
- Alexandria (الإسكندرية al-Iskandariyya)
- Ismailia (الإسماعيلية al-Ismāʿīliyya)
- Gise (الجيزة al-Dschīza, el-Gīza)
- Minufiyya (المنوفية al-Minūfiyya)
- Minya (المنيا al-Minyā)
- Kairo (القاهرة al-Qāhira)
- Qalyubiyya (القليوبية al-Qalyūbiyya, el-Alyūbiyya)
- Wadi al-Dschadid (الوادي الجديد al-Wādi al-Dschadīd, el-Wādi el-Gedīd)
- Scharqiyya (الشرقية asch-Scharqiyya)
- Sues (السويس as-Suwais, es-Swēs)
- Assuan (أسوان Aswān)
- Asyut (أسيوط Asyūt)
- Bani Suwaif (بني سويف Banī Suwaif, Benī Swēf)
- Port Said (بور سعيد Būr Saʿīd)
- Damietta/Dumyat (دمياط Dumyāt)
- Süd-Sinai (جنوب سيناء Dschanūb Sīnāʾ, Genūb Sīnā)
- Kafr asch-Scheich (كفر الشيخ Kafr asch-Schaich, Kafr esch-Schēch)
- Matruh (مطروح Matrūh)
- Qina (قنا Qinā, Enā/Genā)
- Nord-Sinai (شمال سيناء Schamāl Sīnāʾ)
- Suhag (سوهاج Sauhādsch, Sōhāg/Sōhādsch)
Opgepasst: Bei zwou Transkriptiounsméiglechkeete, getrennt duerch e Komma, stellt déi éischt déi héicharabesch Variant duer, déi zweet d'Egyptesch-arabesch Variant.
[Änneren] Economie
D'Economie vun Egypte gëtt och haut nach duerch d'Landwirtschaft geprägt, déi sech haaptsächlech op de Regioune laanscht den Nil, am Nildelta an an eenzelnen Oase befënnt. Dobäi huet sech de landwirtschaftlechen Ubau vun enger Subsistenz- zu enger Exportorientéierung gewandelt, sou datt relativ betruecht manner landestypesch Nahrungsmëttel wéi Hirse, Saubounen a Kabes ugebaut ginn. Zirka 17% vum Bruttoinlandsprodukt kommen aus der Landwirtschaft (Stand: 2000). Trotzdem ass Egypten net fäheg, seng Bevëlkerung, déi staark am Wuessen ass, ze ernähren, sou datt vill Liewensmëttel importéiert musse ginn - am Joer 1980 goufen iwwer 5 Mio. Tonne Wees aus dem Ausland agefouert bzw. dräimol esou vill wéi an Egypte selwer ugebaut gouf. D'Liewensmëttelaféierung mécht ee Véirel vum Gesamtimport aus, wat zirka 3 Mrd. US-Dollar entsprécht. Ausserdem existéiert en enormt Mëssverhältnis tëscht Im- an Export, wat zu enger enormer Auslandsverscholdung gefouert huet. Dëse Problem wäert sech och esou séier net léise loossen, well den Terrain an Egypten, bis op déi Deeler déi scho genotzt ginn, net fir Landwirtschaft geeegent ass, well de Buedem immens arid ass, an et kaum Waasserquelle fir eng kënschtlech Bewässerung gëtt. E weideren negative Punkt fir de Liewensmëttelubau an Egypten ass de Bau vum Assuan-Staudamm; hien huet dofir gesuergt, dass d'Iwwerschwemmung vum Nil bal net méi existéiertert an domadder d'Erntefläche méi kleng a méi onfruchtbar gi sinn. Zurzäit ginn awer am Kader vum Toshka-Projet Deeler vun der egyptescher Wüst westlech vum Nil fir d'Landwirtschaft notzbar gemaach.
Déi wichtegst Exporter vun Egypte si Pëtrol, Kotténg an Aluminium, déi wichtegst Importer si Liewensmëttel, chemesch Produiten, Metaller a Maschinnen.
[Änneren] Tourismus
E weidere wichtegen Economiesekteur ass den Tourismus, deen no den Terroruschléi op touristesch Ziler an den 90er Joren awer zäitweis staark huet missen abéissen (Luxor 1997, Sinai 2004 an 2005 an 2006 zu Dahab.
Den Tourismus ass eng vun de wichtegste wirtschaftleche Ressource vum Land. Besonnesch d'egyptesch Altertümer sinn e grousse Magnéit fir Besicher aus dem Ausland. Nieft Gizeh a Kairo gëtt och Luxor gäere besich, vu wou aus een ënner anerem den Dall vun de Kinneken erreeche kann. Luxor ass och den Ausgangspunkt fir Nilcroisière bis op Assuan. Vun do gi Flug- oder Bustouren op Abu Simbel ugebueden. Déi meescht Reesveranstalter bidden en Inlandsvol op Kairo mat engem OpenDie meisten Reiseveranstalter bieten dann einen Inlandsflug op Kairo unn, an eng Plagevakanz op Hurghada.
D'Touristenhéichbuerg ass ouni Zweiwel Hurghada um Roude Mier. D'modern Touristenuertschaft Sharm El-Sheikh un der Südspëtzt vun der Sinai-Hallefinsel ass besonnesch bei Frënn vum Tauchsport immens beléift, an de leschte Jore koumen awer och ëmmer méi Ënnerwaasser-Sportler op Dahab, wat nërdlech dovunner läit. Duerch den Tauch-Tourismus, deen ëmmer méi an d'Luut geet, ginn och Plaze südlech vun Hurghada, laanscht d'westlech Küst vum Roude Mier, erschloss. Heizou zielen al-Qusair a Marsa Alam, souwéi Zabargad kuerz virun der sudanesescher Grenz.
Allerdéngs ass den Touristestuerm op Sharm El-Sheikh an d'Sinai-Hallefinsel zënter den Uschléi am Oktober 2004 a Juli 2005 staark zeréckgaangen. Zu Dahab koumen de 24. Abrëll 2006 bei dräi Explosiounen 23 Mënschen ëm d'Liewen, dorënner vill Touristen.
[Änneren] Staatsausgabe fir Gesondheet, Bildung a Verdeedegung
Tëschent 1992 an 2000 lung den Undeel vun de Staatsausgabe fir
- d'Gesondheetswiese bei 3 %
- d'Bildungswiese bei 15 %
- de Militär bei 9 %
[Änneren] Demographie
D'Bevëlkerung vun Egypte wunnt primär am Nildall, am Nildelta, beim Sueskanal an um Roude Mier. An de westlechen Oase Fayyum, Dachla, Farafra, Siwa a Charga liewen nëmme wéineg Mënschen.
Déi gréisste Stied sinn (Mio. Awunner, Stand 1. Januar 2005): Kairo (7,7), Alexandria (3,8) a Giseh (2,4), Sues(0,5), Luxor(0,4) an Assuan (0,2).
Kuckt och: Lëscht vun de Stied an Egypten
[Änneren] Ethnien
D'Majoritéit vun der egyptescher Bevëlkerung sinn Araber. Doriwwer eraus liewen am Süde vun Egypten d'Nubier. An der Libescher Wüst hu fréier Berberstämm gewunnt, vun denen haut awer nëmmen nach e puer an der Oas Siwa eng Berbersprooch schwetzen, an de Wüsten ëstlech vum Nil liewen arabesch- a Bedscha-sproocheg Nomaden.
[Änneren] Reliounen
Egypten ass laut senger Konstitutioun en islamesche Staat an den Islam ass d'Staatsrelioun, d'Scharia ass d'Haaptquell vun der Gesetzgebung. Nieft der sunnitescher Majoritéit fënnt een zu Kairo an Alexandria, awer och a Mëttel- an Ueweregypten, Chrëschten, virun allem Kopten, déi net selen an Dierfer mat chrëschtlecher Majoritéit liewen. Eng amtlech Zielung vun de Chrëschte gouf bewosst net duerchgefouert, opschonn d'Relioun an de Pass muss agedroë ginn. 85-90 % vun den Egypter si Moslems (meeschtens Sunniten), 7-13 % si koptesch Chrëschten (meeschtens orientalesch-orthodox, e klengen Deel och koptesch-kathoulesch), de Rescht verdeelt sech op griichesch-kathoulesch a protestantesch Chrëschte souwéi Judden.
Besonnesch an Ueweregypten sinn déi als chrëschtlech Minoritéit oft benodeelegt Kopen Zil vun Terror a Schutzgelderpressunge vu radikale Moslems ginn, heefeg mam Wësse vun de lokalen Autoritéiten. Moslems, déi zum Chrëschtentum iwwertrieden, musse mat staatlechen Zwangsmoossname rechnen. Nei koptesch Kierchen däerfen net gebaut ginn, och kleng Reparature brauchen e Präsidialerlass. D'Kopte beusproche fir sech, déi direkt Nofolger vun der alegyptescher Bevëlkerung vun der Pharaonenzäit ze sinn. Aus hirem Numm ass dat griichescht Wuert aigiptios ginn, wat am Lëtzebuergeschen Egypten gouf.
Engersäit ass d'Ausleeung vum Islam an Egypten immens modern a fortschrëttlech, besonnesch duerch d'al-Azhar-Universitéit. Anerersäits ass Egypten zënter Joerzéngten (nieft Saudi-Arabien) och en Zentrum vum islamesche Fundamentalismus. Sou ass d'Moslembrudderschaft hei aktiv an am Osama bin Laden senger Terrorgrupp al-Qaida ware schonn zu Zäite vum 11. September 2001 immens vill Egypter a Féierungspositiounen. Deels stinn si bis haut mat un der Spëtzt. Dass si hir eenheemesch Wuerzele gekappt hunn, ass net wahrscheinlech. D'islamistesch-fundamentalistesch Szen gesäit de Kampf géint Westler, wéi z. B. zu Dahab (Sinai) am Abrëll 2006, als Bestanddeel vun engem gerechte Kampf géint en ongerechte System, e gottlose Staat an eng westlech-jiddesch Verschwörung géint den Islam un.
[Änneren] Sproochen
Et gëtt majoritär Egyptisch-Arabesch geschwat, en neiarabeschen Dialekt. Schrëftsprooch ass awer zënter der Eruewerung am 7. Joerhonner d'Héicharabesch, nëmmen an der Koptescher Kierch gëtt als Liturgiesprooch nach Koptesch benotzt, dat an egener Schrëft, déi vum griicheschen ofgeleed ass, geschriwwen.
An der Oas Siwa gëtt nach eng Berbersprooch geschwat, dat sougenannte Siwi. Am Süden an an der Oas Charga schwetze vill Mënschen Nubesch. Am Südoste gëtt et och Leit déi Bedscha schwetzen.
Als Friemsprooch ass Englesch an an der Uewerschicht och Franséisch verbreed.
[Änneren] Bevëlkerungsentwécklung
D'Bevëlkerung vun Egypte wiisst immens séier, a stellt d'Land, wat schonn nëmmen op senge fruuchtbaren Deeler bewunnt ass, viru grouss Problemer. Ëm 1800 hat d'Land nëmmen eng ronn 2,5 Milliounen Einwohner. Am Joer 1900 huet d'Bevëlkerung d'12,5 Milliounen Awunner erreecht, 2000 waren et scho bal 68 Milliounen. An der Vergaangenheet, zirka zu der Zäit vun de Pharaonen, hat d'Land tëschent 4 bis maximal 12 Milliounen Awunner - eng Bevëlkerungszuel déi wuel och an der Spéitantikitéit erreecht gouf.
[Änneren] Kultur
An der Tounkonscht hunn sech d'al Egypter vun zirka 3000 v. Chr. u bewisen, mat enger grousser Auswiel vu Musekinstrumenter: Harfen, Lauten, Leieren, Flûten, Hautbois, Päifen, Tamburinen, Trommelen etc., déi een op de ville Wandfreske gesäit; weider Kenntnisser liwwert d'Archeologie.
No de Ptolemäer an de Réimer huet d'egyptesch Musek Aflëss aus dem byzantinesche, perseschen a - virun allem - arabesche Raum integréiert. An Egypten hu virun allem d'Traditioune vun de Beduinen, Saiyidis an Nubier d'egyptesch Volleksmusek beaflosst.
Déi heiteg egyptesch Musek gëtt an zwou Gruppen ënnerscheed:
- enger, déi d'Oktav a 24 Véirelstéin opdeelt, an
- enger mat 17 Stufen (Lauteleier)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Egypten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Algerien - Bahrain - Dschibuti - Egypten - Irak - Iran - Jordanien - Katar - Komoren - Kuwait - Libanon - Mauretanien - Marokko - Oman - Palästinensesch Territoiren - Saudi-Arabien - Somalia - Sudan - Syrien - Tunesien - VAE - Yemen
Algerien - Angola - Äthiopien - Benin - Botswana - Burkina Faso - Burundi - Kamerun - Kap Verde - Zentralafrikanesch Republik - Tschad - Komoren - Demokratesch Republik Kongo - Republik Kongo - Elfebeenküst - Dschibuti - Egypten - Equatorialguinea - Eritrea - Gabun - Gambia - Ghana - Guinea - Guinea-Bissau - Kenia - Lesotho - Liberia - Libyen - Madagaskar - Malawi - Mali - Mauretanien - Mauritius - Marokko - Mosambik - Namibia - Niger - Nigeria - Ruanda - São Tomé a Príncipe - Senegal - Seychellen - Sierra Leone - Somalia - Südafrika - Sudan - Swasiland - Tansania - Togo - Tunesien - Uganda - Sambia - Simbabwe