Lydie Polfer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lydie Polfer gebuer den 22. November 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.
1972, no hirer Première am Lycée Robert Schuman an der Stad, geet d'Lydie Polfer op Grenoble, fir Droit ze studéieren. Se schléisst hiert Studium 1976 mat enger Maîtrise of, a mécht do d'selwecht Joer och en Diplom an Europarecht.
1979 decidéiert se sech, an d’Politik ze goen. Si gëtt, op der DPs-Lëscht, an d'Chamber gewielt a gëtt duer 1984, 1989, 1994 an 1999 ëremgewielt. Tëscht 1984 a 1994 verzicht s'op hiert Mandat als Deputéiert an der Chamber fir Deputéiert vum Europäesche Parlament ze ginn, fir wou s'och op der Wielerlëscht stung.
1994 gëtt si Presidentin vun der Demokratescher Partei (DP) an übt dëst Amt bis 2004 aus.
Tëscht 1982 an 1999 ass d'Lydie Polfer Buergemeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, wou si d'Nofolleg vun hirem Papp dem Camille Polfer gemeet huet.
Vum August 1999 bis Juli 2004 ass si Vize-Première-Ministesch, Ausseministesch a Ministesch fir Verwaltung a Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer.
Zënter 2004 ass si nees Member vum Europäesche Parlament.
D'Lydie Polfer huet ee Kand.
[Änneren] Kuckt och
Virgänger: Camille Polfer |
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 1982- 1999 |
Nofolger: Paul Helminger |