Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Op an den Zeitungen, dem Internet, der Justiz oder anere Beräicher, d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg gehéiert zum Alldag vun den Awunner.
[Änneren] Wéini a wou wat zu Lëtzebuerg geschwat oder geschriwwe gëtt
D'Gesetz iwwert de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg "Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues" vum 24. Februar 1984 (MEMORIAL A - No 16 vum 27. Februar 1984, Säit 196f.) leet fest (iwwersat aus dem Franséischen):
- Artikel 1: D'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger ass d'Lëtzebuergesch.
Artikel 2: Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, ginn op Franséisch verfaasst.
Artikel 3: Verwaltungssproochen a juristesch Sproochen: Et kann ee vu Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch Gebrauch maachen.
Artikel 4: Administrativ Froen: Wann eng Demande op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch gemaach gouf, muss d'Administratioun, esou wäit wéi méiglech, an hirer Äntwert déi Sprooch vun deem, deen d'Demande gemaach huet, benotzen.
Dëst Gesetz huet, wéi et agefouert gouf, am Fong soss näischt gemaach wéi de Status quo (virun allem am administrativ-juristeche Beräich), ze beschreiwen, nämlech dee vun der Méisproochegkeet (Polyglossie) zu Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu Länner wéi z.B. der Schwäiz oder Kanada, wou je no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mee fonctionnell an individuell.
'Fonctionnell' heescht, datt een zu Lëtzebuerg je no Situatioun mat anere Sproochen ze dinn huet - kuckt dozou weider ënnen. 'Individuell' heescht, datt déi eenzel Persounen zu Lëtzebuerg ënnerschiddlech Sprooche gebrauchen - ëmmerhi si bal 40 % vun den Awunner Net-Lëtzebuerger, a vun all deenen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, si bal nëmme méi en Drëttel Lëtzebuerger.
De Gebrauch, wéi en hei ënnendrënner beschriwwe gëtt, bezitt sech op déi fonctionnell Distributioun, virun allem aus der Siicht vun de Lëtzebuerger Mammesproochler. Fir déi individuell Distributioun, kuckt den Artikel Demographie vu Lëtzebuerg.
- An der Schoul
- Vum éischte Schouljoer bis Cinquième op Däitsch, Explicatiounen dacks och op Lëtzebuergesch.
- Vu Quatrième bis Première op Franséisch (ausser fir Friemsproochenunterrecht), Explicatiounen dacks och op Lëtzebuergesch.
- Vu Septième bis Neuvième op Daitsch (ausser Friemsproochenunterrecht an Mathematik),
- Vu Dixième bis Treizième am Régime Technique an der "Division de la formation administrative et commerciale" op franseisch. An den aneren Divisiounen op Däitsch (ausser Friemsproochenunterrecht, Mathematik an Informatik). Explicatiounen awer ganz oft op Lëtzebuergesch.
- An der Chamber
Lëtzebuergesch, heinsdo och Franséisch (wann z.B. Gesetzestexter zitéiert ginn).
- Literatur
(cf Literaturbibliographie)
- Press, Medien
Déi geschriwwe Press zu Lëtzebuerg gebraucht haaptsächlech Däitsch, ganz rar och Franséisch (ausser Zeitungen, déi sech speziell un Auslänner riichten), Lëtzebuergesch gesäit ee just ganz vereenzelt a verschidde Kolumnen. Bäim nationale Radio a Fernsee gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gesent.
- Am Alldagsliewen
Mat auslänneschen Aarbechtskollegen dacks an dem Auslänner senger Mammesprooch, well besonnesch d'Frontalieren net ëmmer direkt de Besoin gesinn, fir vun Ufank u sech konsequent a Lëtzebuergesch Coursen anzeschreiwen. Mee ëmmer wann den Interlocuteur d'national Landessprooch wéinstens passiv beherrscht, dann natierlech op Lëtzebuergesch.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Projet Moien!, Sproochenhaus Wëlwerwolz (Hg.), Lëtzebuergesch: Quo Vadis? Actes du cycle de conférences, Mamer: Ondine Conseil 2004, ISBN 2-87996-855-0.
- WEBER, Nico, "The universe under the microscope: The complex linguistic Situation in Luxembourg", in De Bot, C./ Kroon, S./Nelde, P./Vande Velde, H. (eds.), Institutional Status and use of languages in Europe. Bonn, Asgard, 2001, 179-184, ISBN xxx
- MAGÈRE, Philippe/ESMEIN, Bernard/Poty, Max, La situation de la langue française parmi les autres langues en usage au Grand-Duché de Luxembourg, Luxembourg, Centre culturel français, 1998.
- NEWTON, Gerald (ed.), Luxembourg and Lëtzebuergesch: Language and Communication at the Crossroads of Europe, Oxford, 1996, ISBN 0-19-824016-3.
- BERG, Guy, Mir wëlle bleiwe wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit., Tübingen, 1993 (Reihe Germanistische Linguistik 140). ISBN 3-484-31140-1.